Ee Logo fir de Centre de formation diocésain Jean XXIII

D’Bildung am Déngscht vun der Verkënnegung

D’Fest vum Johannes XXIII. den 11. Oktober 2021, dat zugläich och un d’Ouverture vum II. Vatikanesche Konzil am Joer 1962 erënnert, ass ee symboleschen Dag fir de Logo vum Centre de formation diocésain Jean XXIII (CFD) virzestellen.

No engem Dekret vum 20. Juli 2020, wou de CFD niewent der LSRS gegrënnt gouf, ass déi diözesan Formatioun am CFD ugesidelt.

Aus dem Geescht vun Evangelii Gaudium wëllt de CFD d’Kierch a seng Akteuren, esou wéi all intresséiert Fraen a Männer, op hirem Glawenswee, an hirem Déngscht, an hirer Sich, ënnerstëtzen a begleeden.

Säi Logo steet fir eng Kierch déi um Wee ass:

* Déi opgebrache Kreesser sinn eng Invitatioun fir sech opzemaachen fir d’Begéinung mat aneren a fir dat, wat an der Welt vir sech geet.
* Déi gréng Faarf steet fir d’Kreativitéit ënnert all hire Formen, an dat besonnesch am Geescht vu Laudato Si’, eng wichteg Dimensioun, déi äis no der Pandemie erausfuerdert.
* Déi rout Faarf erënnert un d’Liewen a féiert äis an d’Häerz vum Evangelium a bei all aner Quelle vum chrëschtleche Glawen.
* An der Mëtt vum Logo fanne mir d’Kräiz. Et ass an enger gro-bronger Faarf gehalen, an der Suerg ëm de Mënsch an ëm ee ganzheetleche Glawen, dee seng Mëtt ëmmer nees nei a Jesus Christus sicht a fënnt.

De Logo vum CFD steet vun elo un a Verbindung mat der diözesaner Formatioun.

Um Wee vun enger synodaler Kierch, enger Kierch déi sech vum Hellege Geescht wëllt féiere loossen, an déi hiren Ausdrock duerch déi verschiddenst Beruffungen, Aufgaben, Charismen, Gowen, Engagementer, Déngschter an Ämter kritt, wëllt de CFD Impulser an Ureegunge ginn. Als Ekipp huele mir dësen Optrag wouer am Geescht vun deem, wat de Poopst Franziskus bei der Ouverture vun der Synod den 9. Oktober 2021 betount huet:

Le Synode est avant tout « Un chemin de discernement spirituel, qui se fait dans l’adoration, dans la prière, au contact de la Parole de Dieu ». Ce n’est pas « une convention ecclésiale, un colloque d’études ou un congrès politique, mais un évènement de grâce, un processus de guérison conduit par l’Esprit Saint. En ces jours, Jésus nous appelle, comme il l’a fait avec l’homme riche de l’Évangile, à nous vider, à nous libérer de ce qui est mondain, et aussi de nos fermetures et de nos modèles pastoraux répétitifs. Il nous appelle à nous interroger sur ce que Dieu veut nous dire en ce temps, et dans quelle direction il souhaite nous conduire. »

« Puissions-nous être des pèlerins amoureux de l’Évangile, ouverts aux surprises de l’Esprit. Ne perdons pas les occasions de grâce de la rencontre, de l’écoute réciproque, du discernement. Avec la joie de savoir qu’alors que nous cherchons le Seigneur, c’est bien lui, le premier, qui se porte avec amour à notre rencontre. »

Renée Schmit
Bëscheeflech Delegéiert fir d’Formatioun an déi diözesan Bildung
Directrice vum CFD


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement