Pilgerdag op Helzen

Invitatioun fir Katechetinnen a Katecheten an all Benevolen aus der Katechees

„Die Freude des Evangeliums hat immer die Dynamik des Aufbruchs und der Gabe, des Herausgehens aus sich selbst, des Unterwegsseins und des immer neuen und immer weiteren Aussäens.“ (Evangelii Gaudium 21)

De CFD invitéiert um Ufank vum Pastoraljoer 2021-2022 op ee gemeinsame Pilgerdag op Helzen/Hachiville, an dat mëttwochs, den 22. September. Et gëtt äis d’Geleeënheet fir auszetauschen a fir dëse wonnerbaren Uert als eng katechetesch Plaz fir Grouss a Kleng ze entdecken.

Programm

10.00 Auer Rendez-vous virun der Kierch zu Helzen : Gemeinsam Astëmmung mat Moiesgebiet
11.00 Auer Pilgerwee an d’Klaus, Aféierung mam Christiane Kremer-Hoffmann
12.30 Auer Mëttegiessen am Haus „Sënnesräich“ zu Lëllgen
14.30 Auer Katechetescht Erliewe mat Mass ronderëm de Schnëtzaltoer
15.30 Auer Ofschloss vum Dag

 
Kommt an entdeckt de wonnerschéine Schnëtzaltor vun Helzen mat senger eemoleger Kapell. Dësen Uert matzen an der Natur ass eng herrlech Plaz fir mateneen an d’Gespréich ze kommen an en neien Opbroch an eisem katechetesche Schaffen ze woen. Den Dag selwer kann Iech och Ureegunge ginn, fir mat Katecheesegruppen aus ärer Por/Dekanat e Pilgerdag ze organiséieren. Och Benevoller sinn natierlech ganz häerzlech wëllkomm. Mir freeën äis, fir mat Iech um Wee ze bleiwen.

Umeldung beim patrick.derond cj23.lu bis de 17. September 2021

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement