Gebietsveillé: Compagnons de route | 2022

Veillée virun der Diakonewei | Mutterhaus vun de Franziskanerinnen | 8. Juli 2022

Léiwe Michel, léiwe Stefano, léif Patty a Rossana,
Léif Famill vun eise Weiekandidaten,
Léif Matbridder – a Schwësteren a Bridder alleguer,

Säit enger Rei Méint ass et „in aller Munde“: d’Wuert Syn-odalitéit. De Poopst Franziskus huet en vue vun der Bëschofssynod 2023 e weltwäite Berodungsprozess ugestouss, deen dëser Deeg vun dem nationale Niveau op de kontinentalen Niveau wäert iwwergoen. Och eis Diözees huet matgemaach an d’Synthes vun all deem wat Eenzeler, Paren a Gruppen agereecht hunn ass elo publizéiert. Dat griichescht Wuert Syn-odos bedeit näischt anescht, wéi „de gemeinsame Wee“, oder „zesummen um Wee“. Vun enger vun den éischte Synoden hu mer elo grad am Evangelium héieren: „Deux disciples faisaient route vers un village appelé Emmaüs, à deux heures de marche de Jérusalem, et ils parlaient entre eux de tout ce qui s’était passé. Or, tandis qu’ils s’entretenaient et s’interrogeaient, Jésus lui-même s’approcha, et il marchait avec eux…“. Zwee Männer um Wee mat deem Operstanen. E schéint Bild fir Iech zwee a fir Är Wei vu muer. „Me voici, envoie-moi !“ sou dréckt dir et mat Ärem Weiesproch aus. Jo, muer gitt dir op de Wee geschéckt, als eenzege Bagage d’Evangelium, dat iech uvertraut gëtt. Dir gitt beoptraagt, fir Weebegleeder ze sinn, „compagnons de route“ vun de Mënsche vun eiser Zäit. An alles huet ugefaangen, well der d’Erfarung vun den 2 Emmausjünger hutt däerfe maachen: „Notre cœur n’était-il pas brûlant en nous, tandis qu’il nous parlait… ?“. Ass dat net eng schéi Beschreiwung vu Beruffung?

Dir wäert op Ärem Wee vill Fraen a Männer begéinen, déi änlech traureg an desillusionnéiert sinn, wéi déi 2 Jünger am Ufank: „Alors il s’arrêtèrent tout tristes“, esou heescht et vun hinnen. Si haten hir Hoffnung op d’Räich vun engem staarke Messias misse begruewen a sinn enttäuscht. Interessant ass hei dem Jesus seng Pastoral: ier hien hinnen als gudde Katechet d’Helleg Schrëft erkläert an interpretéiert: encouragéiert hie si emol, hir ganz Enttäuschung an och Ierger a Wierder ze faassen. Déi Zwee schwätzen, an deen Onbekannte lauschtert no. Michel a Stefano, e groussen Deel vun Ärem Diakonenamt wäert am Nolauschtere bestoen. Huelt Iech ëmmer erëm Zäit fir de Mënschen nozelauschteren an hinnen e Wuert vun Hoffnung mat op de Wee ze ginn. Dir wäert et erliewen: och haut nach hu mir bei ville Leit als Geweiter e quasi automatesche Vertrauensvirschoss a mir kréie Saachen uvertraut, iwwer déi eise Géigeniwwer oft mat soss kengem schwätze kann: sief et um Krankebett oder am Gebietsgrupp, sief et vu Leit aus eise Paren oder vun deenen, déi wäit ewech si vu Kierch a Glaf. An dëse Ministère de l’écoute ass zudéifst synodal: de Poopst Franziskus weist jo ëmmer nees dorops hin, datt et bei der synodaler Demarche virun allem dorop ukënnt, datt een deem aneren nolauschtert.

Am Evangelium gëtt just ee vun deenen 2 Jünger mam Numm genannt: de Cleophas. Eng méi rezent Interpretatioun seet, datt deen zweeten eng Jüngerin, eventuell dem Cleophas seng Fra war. An esou hätte mer dann och hei eng weider Parallel zu Ärer Situatioun als bestueten Diakonen. Och wann dir, Patty a Rossana, net selwer geweit gitt, esou ass dach Äre Rôle als épouse de diacre vu grousser Bedeitung fir d’Fruchtbarkeet vum Ministère vun Ärem Mann. Merci, datt dir bis elo de Wee vun der Formatioun esou intensiv matgaange sidd – an dat ganz konkret doduerch, datt dir d’Formatioun zu Rochefort matgemaach hutt, a merci, datt der muer virum Äerzbëschof och Är Bereetschaft wäert erklären, weiderhi mat Ärem Mann um Wee ze bleiwen, deen elo net nëmmen duerch d’Sakrament vum Mariage, mee och duerch d’Weiegnod wäert beräichert ginn. An der Kraaft vun dëse Sakramenter ass och Jesus weiderhi mat Ärer Koppel ënnerwee.

Le soir venu, l’invitation des deux disciples devient pressante: « Reste avec nous, car le soir approche et déjà le jour baisse ». On peut y voir un autre aspect de votre diaconat: le service de la prière que vous promettrez demain d’accomplir à travers la liturgie des heures. Inviter toujours à nouveau le Ressuscité à illuminer de sa présence toutes ces situations qui vous ont été partagées par ceux qui marchent avec vous, c’est cela la prière d’intercession. Demander à Jésus de conduire son peuple en marche, voilà la prière pour l’Église et le monde entier pour laquelle notre évêque vous demandera votre disponibilité.

Ech wënschen iech, datt dir synodal Diakone gitt: Compagnons de route vun de Mënsche vun haut, déi et verstinn nozelauschteren, e Wuert vun Hoffnung ze deelen an Suergen a Freed vun Äre Weebegleeder am Gebiet virun deen Operstanen ze bréngen. Amen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement