|
fr lb
Diakon – mat Christus, fir d’Mënschen, an der KierchD’Beruffung zum Diakon kënnt vum Herrgott a gëtt vun der Kierch bestätegt
Den Diakon ass an der Kierch e liewegt Zeechen, datt si net fir sech selwer do ass, ma fir d’Mënschen. Hien ass e Bréckebauer a Beräicher vum Beruffs- a Familljeliewen, an déi d’Kierch kaum nach Zougang huet. Liturgie – Déngscht – Verkënnegung Trauerbegleedung, Krankepastoral, Nolauschteren, Flüchtlingsaarbecht, Begleedung vu karitative Gruppen, Katechees, asw. si Plazen, wou hien am Optrag vum Bëschof Zeie vum Herrgott senger Léift ass, grad esou wéi duerch säi Priedegtdéngscht an d’Feier vun der Liturgie, z. B. bei Daf, Bestietnes oder Begriefnes.
Wien? Souwuel bestueten (35 Joer), wéi zolibatär (25 Joer) Männer kënnen zum Diakon geweit ginn. Wichteg ass, datt d’Fra den Engagement vun hirem Mann matdréit, an si zesummen en zolitte Mariage liewen. D’Kandidate kënnen aus alle Beruffer a Milieuë kommen. Erfuerdert ass d’Bereetschaft, sech op eng spirituell an theologesch Formatioun anzeloossen a spéiderhin Zäit an Energie fir den Déngscht als Diakon ze hunn.
Weider Viraussetzunge sinn: feste Glawen, Verwuerzeltsinn an der Kierch, Bereetschaft, sech fir den Nächsten anzesetzen, Zouverlässegkeet, Ausgeglachenheet a Kommunikatiounsfähegkeet. Kennt Dir e Mann mat sou engem Profil? Wéi? – 5 Joer um Wee, fir Gottes Ruff ze erkennen an ze préiwen:
Wou? Weider lnformatiounen hei… Diaconat permanent |