Diakonewei an eiser Äerzdiözees | 2016

Duerch d’Hännopleeung an d’Gebiet vum Här Äerzbëschof gouf e Samschdeg, den 22. Oktober 2016 an der Dekanatskierch zu Beetebuerg de René Schumacher zum stännegen Diakon fir d’Äerzdiözees geweit.

De René Schumacher, Joergang 1968, ass zënter elo geschwënn 20 Joer mam Pascale bestuet a Papp vum Philippe a vum Laurence. Opgewues ass hien zu Hamm, bei der Stad, an zanter 1998 wunnt hie mat senger Famill zu Hunchereng, an der Gemeng Beetebuerg. Vu Formatioun Theolog, huet hien als Pastoralreferent vun 1995 bis 2010 am „Centre de Pastorale des Jeunes“ geschafft. Vun 2010 bis zur Diakonewei war hie Member am Pastoralteam aus de Parverbänn Beetebuerg-Hunchereng, Fréiseng, Hesper, Réiserbann a Weiler-la-Tour. Als Diakon ass hien an der Par Beetebuerg-Fréiseng Saint-André täteg.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement