En Temoignage vum Michel Michaely

D’Rekolt ass grouss, mee d’Aarbechter sinn net zu dacks. Biet duerfir den Här, datt hien Aarbechter a seng Rekolt erausschéckt! (Mt 9, 37-38)

Firwat sinn ech Diakon ginn?

De Saz aus dem Mattäusevangelium hat mech vun engem gewësse Moment un ergraff, gepak, an huet mech zënterhier net méi lassgelooss; hie wor schlussendlech den Ausgangspunkt, de „Point de départ“ vu menger Decisioun „Diakon ze ginn“.

Een zweete Saz, ee Saz vum Frère Roger Schutz – „Lief dat, wat s du vum Evangelium verstanen hues an ass et nach esou wéineg… awer lief et“ – huet mir Courage gemaach, dat Zil unzegoen, et ëmzesetzen, dat heescht, meng kleng a bescheiden Talenter an den Déngscht vun der Botschaft vu Jesus Christus ze stellen; jo, d’Evangelie vu Christus hu mech vun Dag zu Dag ëmmer méi faszinéiert.

Ech sinn dobäi gestäerkt ginn duerch ee Gedanke vum Kardinol John Henry Newman, ee Gedanken, dee mir gehollef huet, dës Invitatioun oder Opfuerderung unzegoen: „Ich bin berufen, etwas zu tun oder zu sein, wofür kein anderer berufen ist. Ich habe einen Platz in Gottes Plan, auf Gottes Erde, den kein anderer hat.“

A mat der Zäit, jo lues a lues, hunn ech geléiert a begraff, datt et virun allem a ganz besonnesch zu den Aufgabe vun engem Diakon gehéiert, op déier Plaz, do wou hie steet a wierkt, een An doropper ze hunn, wat iwwersi gëtt oder schif leeft. Jo, den Diakon ass ganz oft a soll och ee „Querdenker“ sinn.

Zu de spezifischen Aufgabe vum Diakon gehéiert, d’Liewenssituatioun vun de „Mënschen um Rand“, also di Aarm, déi, déi vun hire Matmënsche vergiess sinn, di Krank, an d’Mëtt vun der Gemeinschaft, vun der Por, an domat och d’Feier vun de Gottesdéngschter ze droen. De Gottesdéngscht soll net nëmmen dem Luef vu Gott déngen, mä och dem Mënsch Perspektive fir säi chrëschtlech, säin diakonescht Handelen opmaachen. Een Diakon ass dobäi „ëmmer um Puls vun der Zäit“ a ka gutt d’Bréck hierstellen zwëschen „Alldag, Famill, Beruff a Liturgie“.

Een Diakon, dee bestuet ass

Ech si Papp vu 4 Kanner a Grousspapp vu 6 Enkelen – a kann d’Dimensioun vum Bestietnes respektiv vun der Famill an de Klerus erabréngen an hei ganz wäertvoll Erfahrunge bäisteieren.

Ech mengen, grad op dësem Feld leien nach enorm Chancen a ee grousst Potenzial.

All haaptberufflech Kleriker kënne vun engem Diakon (oder vun Diakonen) mat Zivilberuff zudeem erliewen an erfueren, wat et heescht, Beruff, Famill a kierchlecht Engagement ze verbannen.

A Mannerwäertegkeetskomplexer, well am Bléck op den Diakonat oft vum „ënneschte Weieamt“ geschwat gëtt, hunn ech ganz a guer net. Ech si ganz einfach frou, wierklech frou an dankbar, datt ech Diakon sinn.

An ee gudde Priister, respektiv ee gudde Bëschof weess ganz genee, wat en u „sengem“ resp. u sengen Diakonen huet.

Ech gesinn och kee Widdersproch, mee villméi eng sënnvoll Ergänzung dodranner, datt ee Stännegen Diakon meeschtens bestuet ass, Priister dergéint zölibatär liewen. All Liewensform huet seng Vir- an Nodeeler. Een Diakon, dee bestuet ass, bezeit duerchaus, datt geliefte Glawen, Bestietnes, Famill a kierchlecht Engagement kompatibel sinn a voll am Aklang mam Evangelium sinn.

Fir de Klerus ass dat dach am Fong eng Chance, datt Geeschtlech, an dat sinn Diakone jo, déi bestuet sinn, weider, aner, nei Perspektiven zum Wuel vun de Mënschen erabrénge kënnen.

Michel Michaely

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement