|
Gemeinsam Rees a Bayern (3)Sonndes, den 12. August 2018: Altötting, Marktl am Inn, Passau No e puer interessanten a schéinen Deeg zu München, hunn mir eis dunn e Sonndeg op de Wee gemaach fir an d’Bistum Passau ze fueren; méi konkret op Altötting. An der Wallfaartsbasilika hate mir d’Éier un enger Orchestermass deelzehuelen, déi vum Här Äerzbëschof presidéiert gouf. Uschléissend war eng Receptioun am Gemengenhaus duerch de Buergermeeschter zesumme mat sengem Schäffen- a Gemengerot. Bei dëser Geleeënheet huet den Här Äerzbëschof sech dunn och virun der lokaler aberuffener Press an d’"Goldene Buch der Stadt" agedroen. No engem gudde Mëttegiessen am Kapuzinerklouschter hunn mir dunn vum Wallfahrtsrektor Prälat Günther Mandl perséinlech eng Féierung duerch d’Gnodekapell krut. Uschléissend krute mir interessant a léierräich Informatiounen iwwert den Hellege Konrad. Direkt dono ass et dann an dat klengt Duerf Martkl am Inn gaangen, wou mir Gebuertshaus vum Joseph Ratzinger – Popst Benedikt XVI. besicht hunn. An dësem Haus huet d’ Famill wärend deenen éischten zwee Joer nom Joseph senger Gebuert gelieft. Ofgeschloss hunn mir eise Besuch mat enger gesongener Sonndesvesper an der Parkierch vu Martkl am Inn, där den Här Äerzbëschof zesumme mam Här Präses Patrick Muller virstung. Vincent
Méindes, den 13. August 2018: Passau Zum Abschluss unserer Bayernreise besichtigten wir die geschichtsträchtige Bischofsstadt Passau. Nach einem gut gefüllten Sonntag in Altötting und Marktl kamen wir in einem angenehmen B&B Hotel an undliessen den schönen Tag in einem Biergarten am Stadtrand ausklingen. Am folgenden Tag wurden wir durch Domkapitular Gerhard Auer, einem Studienkollegen unseres Erzbischofs durch die schöne Barockstadt geführt. Es begann mit einer Heiligen Messe in der Andreaskapelle, einer kleinen gotischen Hallenkirche die einst den Domherren als Kapitelsaal diente. Es folgte eine Besichtigung des Stephansdomes mit seinen beeindruckenden Stuckarbeiten von Giovanni Battista Carlone und seiner riesigen Eisenbarth-Orgel, der größten Kirchenorgel der Welt. Zum Mittagessen trafen wir Bischof Dr. Stephan Oster, den recht jungen Bischof von Passau. Auf einer sehr schönen Terrasse hatten wir einen spannenden Austausch und konnten viele Ähnlichkeiten unserer beiden Diözesen feststellen. Nach dem Essen hatten wir ein wenig Zeit zur freien Verfügung, in der die meisten einen Stadtrundgang machten und ein paar der Prachtbauten, wie etwa die Jesuitenkirche, die Abtei Niedernburg oder die neue Erzbischöfliche Residenz besichtigten. Auch das Dreiflüsseeck, der Zusammenfluss von Ilz, Inn und Donau bietet einen beeindruckenden Anblick. Anschließend gingen wir nach Mariahilf, einem Wallfahrtsort auf einer Anhöhe südlich der Altstadt. Dieser Ort wurde bei den Türkenkriegen zum Ort des Trostes und der Siegeshoffnung. Hier blieben wir auch zur Vesper, die von unserem Regens Patrick Muller an der Orgel begleitet wurde. Am Abend dieses schönen Tages begaben wir uns zur Festung, genannt Veste Oberhaus, auf der anderen Donauseite, wo wir den letzten Tag der schönen Bayernreise mit einem letzten Bier abschlossen. Samuel
Méindes, de 14. August 2018: Mir fueren nees heem Nach eng Kéier pilgere mir an de Stephansdom, wou den Här Äerzbëschof d’Fréimass um 7h30 d’Mass mat äis a mat Geeschtlechen an Leit vu Passau feiert. No engem leschte Kaffisdësch a Bayern, maache mir äis op den Heemwee, räich beschenkt vu villen schéinen an déiwen Erliefnisser während dëser gemeinsamer Zäit a Bayern, déi äis alleguer e Stéck méi mateneen verbonnen huet. |
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement