|
Seminaristewoch 2014Op Besuch an der Pastoralregioun OstenSamschdeg 02.08.14Samschdes um 10 Auer wor de Rendez-vous am Seminaire um Weimeschhaff. Nodeems mer dem Pater Birsens a mäin Auto voll gelueden haten mat Wallissen a Proviant, si mer Richtung Osten lassgefuer.
Nomëttes, ënnert der Leedung vum Jesuitepater a Spiritual Josy Birsens s.j., hu mir äis Zäit geholl fir e längere Partage a Réckbléck op dat vergaangent Studiejoer. Fir d’Virowendmass vum Sonndeg wore mer am Dekanat Greiwemaacher zu Manternach mam Dechen Claude Bache. Als kleng Iwwerraschung wore mer duerno fir „eng Hameschmier and more“ bei der Koschteschfamill Schumacher-Diederich agelueden, wou mer eisen 1. gemeinsamen Dag an enger geselleger Ronn ausklénge gelooss hunn. Abbé Patrick Muller, Präses Sonndes 03.08.14La prière des Laudes et notre petit-déjeuner « en famille » débutèrent notre journée, puis nous partîmes d’Ahn pour découvrir le doyenné de Remich où son doyen, l’abbé Marcel Pundel, nous a accueilli à l’église paroissiale pour participer à la messe de 10h30.
L’abbé Marcel Groff nous invita à prendre l’apéritif au bord de la Moselle à la fête de « l’Amicale Pompjeeën Réimech ». De retour au presbytère, une belle table et un très bon repas nous ont attendus. L’après-midi, nous nous sommes rendus à Dalheim pour un temps d’Adoration et puis la découverte de la richesse culturelle-religieuse à Waldbredimus, Trintange et la chapelle de St-Étienne à Klause. Alberto Méindes 04.08.14De 4. August ass fir d’Seminaristen an d’Priister e besonneschen Dag, well mer dann dem Hellege Curé d’Ars, Schutzpatroun fir d’Paschtéier aus dem Universum gedenken. Méindes moies, um 7.45 Auer treffe sech d’Seminariste fir den Dag mat der Laudes unzefänken. Duerno wor Kaffee an eng hallef Stonn Betrachtung an der Kierch mat Impulser vum Pater Birsens SJ. Dann brieche mer op a Richtung Gréiwemaacher, wou mer vum neie Regionaldechen Claude Bache empfaange ginn. Mir dierfen un enger sougenannter Teamsëtzung deelhuelen, wou mir iwwert d’Fonktiounsweis vun esou engem Team Froe stellen dierfen. Dëst wor interessant, well dësen Team e Wee duerstellt fir an der Zukunft méi efficace ze schaffen an dat Organisatorescht mam Gebiet ze verbannen. No der Sext krute mir d’Mettegiessen zesumme mam Team am Altersheem, wat eng Méiglechkeet wor fir déi verschidde Membere besser kennenzeléieren. Ier mer op Schengen gefuer sinn, hu mer nach en Ofstiecher beim Roger Geimer gemaach, deen äis seng Kierch gewisen huet. Zu Schengen krute mer d’Place de l’Europe an de Musée iwwert Europa erkläert. No der Visite vun der Kierch zu Schengen fuere mer weider bei de jonke Paschtouer Daniel Graul op Remerschen. No der festlecher Mass zur Éier vum Curé d’Ars goung den Dag am Här Paschtouer Graul sengem Haus mat engem gudden Iessen zu Enn. De Jempi Schuller, deen zu Schengen dobäi koum, huet sech äis virgestallt an iwwert seng Vocatioun erzielt. No der Komplet fuere mer erëm an de Chalet. Daniel Dënschdes 05.08.14Dënschdes moies goufen et Fréibiren. Datt eis Visite an der Pastoralregioun Osten keng Vakanz war, beweist de Fait, datt mer schonn um 7 Auer Laudes haten.
Yves Mëttwochs 06.08.14Nodeems mer scho samschdes an der Virowendmass zu Manternach a méindes an der bimensueller Teamsëtzung dem Dechen vu Maacher, dem Abbé Claude Bache, iwwert d’Schëller kucke konnten, si mer dann um Fest vun der Verklärung Christi um Bierg Tabor nach eng Kéier bei him zu Gaascht gewiescht. Als Seminariste si mir jo dee gréissten Deel vun eisem Studium am Seminaire mat méi oder manner gläichaltrege Matbridder zesummen, dofir war et eng Chance fir op deem Mëttwoch vun der Geleeënheet ze profitéiren a mam Här Bache zu Maacher am CIPA d’Mass mat de Pensionnairen ze feieren. Virdru krute mer dunn awer nach eng Visite duerch d’Haus ugebueden, bei deeër mer déi verschidde Stäck vum Haus mat hiren ënnerschiddlechen Ariichtungen, je no Besoin vun den Awunner, gewise kruten an dunn och nach d’Geleeënheet hate fir mat enger Damm vum Personal ze schwätzen, déi äis e klengen Abléck an d’Zesummenaarbecht vu Par an Hausleedung konnt ginn. A senger Priedegt ass den Dechen dunn op d’Erliefnes vun der Taborstonn agaangen, ee Moment wou ee soe wéilt : „Verweile doch, du bist so schön” (Goethe, Faust), mee deen dann awer vill ze séier eriwwer ass. Jo et war e flotte Moment, souwuel fir d’Awunner vum Haus an och fir äis. D’Leit ware frou ze gesinn, dass d’Kierch hei am Land nach eng Zukunft huet, an hunn äis och am géigesäitege Gespréich hiert Gebiet versprach. Duerch d‘Mëttegiesse gestäerkt si mer mam Dechen an de Foyer Pietert gaangen, e Foyer fir schwéier handicapéiert Kanner an Erwuessener, an deem si Dag an Nuecht déi Hëllef kréien, déi se brauchen an déi hir Famill hinnen net (méi) ka ginn.
E grousse Merci wëlle mer op dëser Plaz dem Här Dechen soen, dee sech de ganzen Dag gutt ëm äis gekëmmert an och dofir gesuergt huet, dass mer säin Dekanat net ouni eng schéi Miseler Blimmche giffe verloossen. Jacques Donneschdeg 07.08.14Eisen zweetleschten Dag dee mir zesumme verbruecht hunn, ass intensiv genotzt ginn fir äis geschichtlech weiderzebilden. Dofir hu mir als éischt e Spronk iwwert d’Musel gemaach fir äis bei eisen däitschen Noperen op d’Spuere vun de Réimer ze maachen.
Gestäerkt no enger selwer gemaachtener Spaghetti hunn mir äis dunn op d’Spuere vun der Elektrifizéierung gemaach. Dës Sich huet äis op Rouspert an d’Schlass vum Henri Tudor gefouert. An dësem ass haut d’Gemeng, souwéi e ganz modernen interaktive Musée ënnerbruecht. Den Henri Tudor huet den Akkumulator (Batterie) entworf, deen dozou gedéngt huet, Stroum ze späichere fir e gläichbleiwend ofzeginn.
Als hongereg Männer huet den Här Paschtouer äis duerno op e gutt Iessen op Rouspert an d’Paschtoueschhaus invitéiert, wou dunn och eise leschten Owend op en Enn gaangen ass. Vincent Freideg 08.08.14No der leschter Nuecht am Chalet, no de Laudes an dem Kaffi, hu mer geraumt a gebotzt. Als kréinenden Ofschloss hu mer mam Präses Patrick Muller an der Parkierch vun Ohn um Fest vum Hellegen Dominkus eng Danksagungsmass gefeiert. No enger kuerzer Priedegt konnt jiddereen dee wollt, e puer Gedanken zur vergaangener Woch an eng Fürbitt formuléieren. Räich u ville gemeinschaftlechen, kulturellen, pastoralen a spirituellen Erfahrunge si mer erëm an d’Stad zréckgefuer an duerno hu sech eis Weeër bis zur Diakonewei vum Alberto a vum Piotr, den 18.10.2014, erëm getrennt. PM |