|
De Centre Jean XXIII – Zentrum vu Bildung, Fuerschung, Dialog an Dokumentatiounpublié en janvier 2016
Wat gehéiert alles derzou?
De Centre Jean XXIII huet sech also, esou wéi et och an der Konventioun mam Staat steet, opgemaach fir d’Mataarbecht vun den anere konventionéierte Reliounsgemeinschaften. Esou ass de Centre Jean XXIII – Grand Séminaire en Institut, dat de ganze Spektrum vu Fuerschung a Bildung ofdeckt. Mer sinn zur Zäit an enger Période de refondationEsou hu mer sämtlech Formatioune vun de verschiddene kierchleche Servicer hei regruppéiert, ob dat elo z. B. am Beräich vun der Formation continue vun eisen Agents pastoraux a Reliounsenseignanten, oder an de Beräicher vun der Bibelaarbecht, vun der Préparation au mariage oder vun der Medienaarbecht ass, fir nëmmen déi ze nennen. Am leschte Joer hu mer dat praktesch ëmgesat, wat am Dekret vun 2013 virgesi war. Mer hunn ugefaangen, eis Strukturen, nei Projets de recherche, eis zukünfteg Parcours de Formation an eis Zesummenaarbecht mat aneren Institutiounen op nationalem an internationalem Niveau esou ze entwéckelen, datt se an engem dräifachen Déngscht stinn: am Déngscht net nëmme vun der Kierch, am Déngscht och vum Dialog mat deenen anere Reliounsgemeinschaften an am Déngscht vun der lëtzebuerger Gesellschaft.
An deenen zwee Beräicher si mer derbäi, d’Expertise vun Enseignanten a Chercheuren aus anere Reliounsgemeinschafte mat anzebréngen. De Centre Jean XXIII mécht seng Dieren och op fir Reuniounen an Aktivitéiten, déi vu verschiddenen nationalen an internationalen Träger ugebuede ginn. De Regruppement vun de verschiddenen Aktivitéiten a Servicer huet vill positiv Effekter: 1. Mer hunn eng besser Vernetzung vun der Aarbecht um Terrain mat der akademescher Aarbecht. De Centre Jean XXIII huet Personal am akademeschen, formativen, administrativen an technesche Beräich. Dat si Leit, déi als Ministres du culte, Salariés privés vum Bistum a Salariés privés vum Centre Jean XXIII engagéiert goufen. Am Joer 2014 goufe véier nei Persounen engagéiert. Zwee nei Professere goufen duerch eng international Ausschreiwung no den am akademesche Beräich übleche Critèrë rekrutéiert. Des Weideren hu mer och eng nei Bibliothekarin agestallt, där hir Kandidatur vun engem Comité de recrutement zréckbehale gouf. Se huet Literaturwëssenschaft studéiert an och Bibliothéikswëssenschaft. Schliislech hu mer en neie Gérant, deen d’Haus kompetent an engagéiert féiert, fir datt et op techneschem Niveau esou opgestallt ass, datt et seng Missioun erfëlle kann, an datt et och eng Plaz ass, wou ee spiert, datt ee wëllkomm ass. Zum Schluss loose mer kuerz an d’Zukunft kucken. Wat ass eist Haaptzil? Wéi engen Erausfuerderunge musse mer äis hei stellen?Eist Haaptzil, dat elo esou gutt ewéi steet, ass et, als Luxembourg School of Religion & Society den Aktivitéiten en Numm an e Kader ze bidden, deen den Esprit de dialogue et innovation ausdréckt, wou sech, fir e Bild vum Jean XXIII, dem Poopst vum Aggiornamento, ze gebrauchen, Traditioun an Engagement fir d’Zukunft vun eiser demokratescher, multikultureller Gesellschaft kreativ matenenee verbannen. Luxembourg School of Religion & Society dréckt dat an hirem Numm aus: nämlech deen Dialog, wou mer äis zesumme mat deenen anere konventionéierte Reliounsgemeinschaften aktiv fir eng Zukunft vun eiser lëtzebuerger demokratescher Gesellschaft wëllen asetzen. Den Challenge ass deen, zügeg eis nei Programmer unzebidden an och en zukunftsorientéierte Finanzéierungsplang opzebauen. D’lescht Joer hate mer d’Comptabilité analytique an den Audit agefouert, déi Transparenz garantéieren, en effiziente Käschtemanagment erméiglechen an äis déi Kredibilitéit ginn, déi mer brauchen, wa mer aner Finanzéierungspartner uschwätzen. Op dëser Grondlag vun der Refondation des programmes et structures a vun enger transparenter Finanzéierungsstrategie ass et elo méiglech konstruktiv weiderzeschaffen an esou an d’Zukunft ze goen. |