Services
 
lb fr

Fiche liturgique „Journée du Diaconat 2018“ LB

Langue: Luxembourgeois

Impulser fir den 11. Sonndeg am Joereskrees B
DIÖZESANEN DAG VUM DIAKONAT

Gedanken zur Aleedung

D’Bezeechnung „Diakon“ kënnt aus dem Griecheschen „diákonos“ an heescht iwwersaat „Dénger“. Dat kléngt a priori e bëschen almoudesch, vestëpst an iwwerlieft. Dofir lount sech e Bléck an d’Schrëfte vum Neien Testament, a besonnesch an d’Bréiwer vum Apostel Paulus, wou d’Aarbecht vun den Diakonen an Diakonninen (!) nawell gutt beschriwwe gëtt. Hir Aufgab war u sech ganz einfach: dem Härgott an de Mënschen déngen, sech virun allem fir déi aarm an ënnerdréckt Mënschen asetzen, Hëllef organiséieren op dene Plaze wou Nout ass, de Message vum Jesus senger frouer Botschaft duerch d’Beispill vum Liewen erfuerbar maachen an den „Déngscht um Dësch“ (Eucharistie) ze organiséieren.

Am Laf vun der Kierchegeschicht huet sech d’Amt vum Diakon staark verännert an huet sech no an no nëmme nach op e rénge „Passage“ zum Priesteramt reduzéiert. Eréischt viru ronn 60 Joer ass dat stännegt Diakonat duerch dat II. Vatikanescht Konzil nees nei belieft ginn, virun allem fir déi wichteg Gronddimensioun vun der Diakonie an der Kierch nees ze stärken.

1983 sinn déi éischt stänneg Diakonen an der Diözes Lëtzebuerg geweit ginn; d’Diakonat ass domadder also e relativ „moderne Beruff“, deen d‘Déngschtamt un der Säit vun den Apostelen aus den éischte chrëschtlechen Gemeinschaften nees nei opgräift. An engem Gottesdéngscht fir Diakonen huet de Poopst Franziskus nach eng Kéier däitlech gesoot, dass en Diakon kee „klenge Paschtouer“ a keen „Ersazpaschtouer“ ass. Den Diakon huet en eegent Profil an eegen Aufgaben an de sozial-caritativen a liturgesche Beräicher. „Diakone sollen bereit sein für den Bruder oder die Schwester und offen für das Unvorhergesehene.“, sou de Poopst wuertwiertlech.

A ville Kierchen, och bei eis am Land, läit um Altor, um Ambo oder op engem Liespult eng Bibel déi opgeschloen ass. Esou gëtt de Leit, déi an d’Kierch kommen, op eng gewësse Manéier, d’Wuert vum Härgott entgéintgehalen. D‘Mënsche ginn „invitéiert“ op mannst e Bléck an d’Helleg Schrëft ze geheien. Zu der Diakonewei gehéiert de Ritus, dass de Bëschof dem Kandidat en Evangeliar iwwerreecht mat de Wierder: „Emfänk d’Evangelium vu Christus: du bass bestallt et ze verkënnegen. Looss dech am Glaf ergräife vun deem, wat’s du lies; verkënneg dat, wat’s du gleefs a lief dat, wat’s du verkënnegs.“ D’Verkënnegung vum Evangelium, vun der „gudder Noriicht“ gehéiert zu de wichtegsten Aufgaben vum Diakon während enger Eucharistiefeier; esouguer wann e Bëschof dëser virsteet. Am Evangelium ginn et eng ganz Abberzuel vun Themen awer letztendlech geet et ëmmer drëms, de Message vu Jesus Christus an eiser Welt an an eiser Zäit lieweg ginn ze loossen. Et geet ëmmer drëms, der Léift vu Christus e ganz konkret Gesiicht ze ginn. Duerch dat wat hie seet a mécht soll den Diakon, sou wéi iwwregens och d’Priester, déi jo hiirt Liewe laang och Diakon bleiwen, de Mënschen eng Hëllef an eng Stäip sinn fir de Message vu Gott an hirem Liewen ze entdecken an ze verstoen.

„D’Diakonat ass en Hoffnungszeeche fir d’Kierch.“, esou den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich am Kader vun engem Frëndschaftsbesuch vun däitschen Diakonen am August 2016. „Den Diakon ass e Kleriker ouni klerikal ze sinn. Hien huet en aneren Zougang zum Liewen wéi e Priester an hie steet ganz am Déngscht vun de Mënschen. Wann d’Kierch et net fäerdeg bréngt sech an den Déngscht ze stellen, da wäert d’Chrëschtentum an Europa verschwannen.“, esou d’Prognose vun eisem Äerzbëschof. Dass et net esou wäit kënnt, dorëms wëlle mir haut ganz besonnescht bieden an zesummen, a ganz Lëtzebuerg, d’„Journée du Diaconat“ feieren.

Priedegt

Léif Schwësteren a Bridder,

Et gehéiert zu deene kostbarste Geschenker vum Zweete Vatikanesche Konzil (Balthasar Fischer), d‘Amt vum Diakonat fir haut a fir d‘Zukunft an d’Mëtt vun der Kierch ze stellen. Den Diakon ass dat sakramentalt Zeeche vum Erzdiakon Jesus Christus an der Kierch, fir Kierch, fir Mënschen an besonnesch fir di Aarm. Dat sakramentalt Zeeche vum Diakonat ass, dass Jesus senge Jünger d’Féiss gewäsch huet. Dem aneren d‘Féiss wäschen, dat ass e staarken Ausdrock vu Léift, an net dem aneren de Kapp wäschen. De stännegen Diakon – wéi och de Priister an de Bëschof – bleift e Liewe laang Diakon, Denger, fir sou den Diakon Jesus Christus an eiser Zäit siichtbar duerzestellen.

Den Diakon ass weder e geweite Sozialaarbechter, nach en Ersatz vum Priister, hien ass e sakramentalt Zeeche vum Erzdiakon Jesus Christus fir d‘Kierch am Déngscht vun de Mënschen. D’Kierch braucht d’Diakonat och an deem Sënn, dass all weideren geeschtlechen Déngscht Diakonie ass a bleift. Diakonie heescht Déngscht – mat Jesus Christus fir Mënschen. Den Diakon huet en Déngscht um WUERT GOTTES an en Déngscht aus dem WUERT GOTTES ze vollzéien.

Di Haaptaufgab vum Diakon ass no der kierchlecher Iwwerliwwerung Verkënnegung vum Evangelium op allen Niveauen an allen allen Formen. Den Diakon als Evangelist! Hien soll de Mënsche d’Brout vum WUERT reechen, dat WUERT, dat dem Mënsch Sënn a sengem Liewen gëtt, well de Mënsch lieft net vum Brout eleng, ma vun dem WUERT, dat aus dem Mond vu Gott kënnt.

Déi 1. Aufgab vum Diakon ass d’Evangelisatioun: hie verkënnegt, wat hien héieren huet. Hien kann d‘Evangelium fir des Zäit nëmme weidersoen, wann hie selwer e Mënsch ass, den d‘Prioritéit op d‘Lauschtere vum WUERT GOTTES leet. Dofir ass dat geeschtlecht Amt vum Diakon net einfach en Job, net einfach e Beruff , ma eng Beruffung. Gott rifft de Mënschen am Perséinlechste vun sengem Mënschsinn, do wou mir als Mënsch och Freed a Leed erfueren an mat aner Mënsche wéi et heescht „Freude und Hoffnung, Trauer und Angst der Menschen von heute, besonders der Armen und Bedrängten aller Art, sind auch die Freude und Hoffnung, Trauer und Angst der Jünger Jesu“ (Gaudium et Spes 1). Den Diakon ass e Mënsch, den am Déifste vun sengem Wiese vum Evangelium ergraff ass.

D‘Kräiz steet am Mëttelpunkt vum Evangelium. Ween Kräiz a sengem eegenen Liewen unhëlt, kann och Kräiz a Leed vun deenen aneren verstoen, kann wierklech Trouscht spenden an Mënschen um Heel deelhuelen loossen, dat heescht dass de Mënsch nees ganz gëtt, zu dem Gott hien beruff huet.

Den Diakon steet am Déngscht vum Matmënsch. Nächsteléift däerf keng Floskel sinn. Et geet dorëms, dass Liewen vum Diakon e Kommentar vum Jesus sengem Liewen ass. Diakonie huet genausou eng elementar Aufgab an der Kierch wéi d‘Verkënnegung vum Evangelium an d‘Feier vun der Liturgie. Si maachen zesummen den symphoneschen Dräiklang vum kierchlechen Liewen aus, vun dem keen Toun ausfalen däerf.

Mir schwätzen haut oft - an och mat Recht - vu Priistermangel. Awer misste mir net och den Diakonemangel an der Kierch vun haut bekloen? Diakonie ass net nëmmen eng wesentlech Dimensioun vum kierchlechen Liewen, ma si ass onléisbar mat aneren Grondaufgaben vun der Kierch verbonnen. Un der Diakonie gesinn mir, ob de Gottesdéngscht richteg an sérieux ass: Gottesdéngscht, den am Alldag net duerch den diakoneschen Déngscht vun der Fousswaschung interpretéiert an kommentéiert gëtt, steet a Gefor huel ze ginn. Dann ass Gottesdéngscht blouss e Kult, dee nëmmen eng Fassad ass. Dohier rifft den Diakon um Enn vun der Eucharistie mat den erausfuerderenden Wierder, zum Temoignage op: „Gitt hin a Fridden!“ „Ite missa est“. Dat heescht: elo ass de Moment, dass de Fridden vu Christus eng Chance soll kréien an der Welt vun haut, déi gepräägt ass vun Oneenegkeet a Sträit.

Bei der Wei versprécht den Diakon d‘Stonnengebied d. h. en Deel vum Brevéier fir d‘Vollek Gottes, fir déi ganz Welt trei ze verriichten. Den Diakon ass glafwürdeg, wann hien e Mann vu Gebiet ass. Am Gebiet begéinen mir Gott, den an allem géigewäerteg ass.

Des Glaawensiwerzeegung ass nëmmen dann keng blouss Theorie, wann mir äis all Dag der Géigewaart vun Gott am Gebiet vergewësseren an eis Verbonnenheet mat him verdéiwen. Gebiet ass dofir keng Oflenkung vum konkreten Déngscht. Den Diakon versprécht dem Bëschof Respekt a Gehorsam an dem Sënn, dass den woueren Déngscht an der Kierch net an der Selbstverwierklechung, ma villméi an der Verwierklechung vun der Léift vun Gott zu den Mënschen besteet.

D‘Journée du Diaconat ass Grond dankbar ze sinn fir di vill Männer mat hire Fraen an Familljen, déi sech an dëse Joren dem Ruff vun Gott net verschloss hunn. Behalen mir am Bléck all stänneg Diakonen, ob bestuet oder zölibatär, haaptamtlech oder mat Zivilberuf.

D‘Gläichnis vun den Somkären ass och eng gutt Noriicht fir all Diakonen, fir all, deenen hiert Häerz fir d‘Diakonie schléit. Well wie oft erschéngt Diakonat an der Kierch als ëmsoss. Wéi den Séimann am Gläichnes sinn Diakonen an mir alleguerten opgeruff, op Gnod vun Gott ze bauen, den eis ëmmer nees mat senger Léift entgéint kënnt. Gott braucht keng Superstare, keng perfekt Chrëschten. Gott léisst wuessen. An munchmol ass et schonn vill wäert, wann mir dobäi keng Steng an de Wee leeën. Werfen mir eisen Bléck op Geschicht vun der Kierch, dann entdecke mir, datt net nëmmen grouss Theologen d’Kierch weiderbruecht hunn, ma och Leit wéi den Franz vun Assisi an nach vill aner. Un sou Mënschen gëtt däitlech: Gott ass um Wierk. Jo, Gott ass um Wierk am Diakonat. Loosst mer des segensräich Spuere nei entdecken a ginn mir dëse Spure no. Loosst mir dofir dankbar sinn!

Pater Theo Klein SCJ

Fürbitten

A sengem Jong, dem Jesus, huet Gott sech ganz an den Déngscht vun de Mënsche gestallt. Dem Jesus säi Liewen a säi Message solle fir eis Chrëschten Orientéierung a Kompass sinn. Am Vertrauen op dat, wat de Jesus eis iwwert säi Papp erzielt huet, wëlle mir him eis Gebieder soen:

  • Mir biede fir déi Fraen a Männer, déi sech doheem, an de caritativen a sozialen Strukturen an am Gesondheetssektor, fir déi Mënschen asetzen, déi op Hëllef ugewise sinn.
    Härgott, ënnerstëtz Du si an hirem Asaz an an hirem Engagement a looss eis all hirer Aarbecht an hirem Déngscht mat Unerkennung an Dankbarkeet begéinen.
    Härgott, héier eis. Härgott, erhéier eis.
  • Mir biede ëm Beruffungen zum Diakonat a fir déi Fraen a Männer, déi am Gaang sinn sech op e konkreten Déngscht an der Gesellschaft oder an der Kierch virzebereden a fir déi Mënschen, déi nach iwwerleeën ob si sech an déi Richtung engagéiere sollen.
    Härgott, looss si ëmmer nees Mënsche begéinen, déi si op dësem Wee begleeden an déi hinnen an de wichtegen Entschedungsphasen mat engem gudde Rod zur Säit stinn.
    Härgott, héier eis. Härgott, erhéier eis.
  • Mir biede fir déi Fraen a Männer, déi an der Kierch zu Lëtzebuerg Verantwortung droen a fir all déi Mënschen, déi sech an hirer Pargemeinschaft engagéieren a matschaffen.
    Härgott, schenk hinnen all Kraaft a Courage, fir de Changementer, mat denen d’Kierch zu Lëtzebuerg an dëse Méint konfrontéiert ass, mat engem positive Geescht ze begéinen.
    Härgott héier eis. Härgott erhéier eis.
  • Mir biede fir déi Fraen a Männer, déi grouss politesch oder ökonomesch Verantwortung droen.
    Härgott, looss si bei all hiren Decisiounen d’Wuel vun de Mënschen, d’Gerechtegkeet an de Fridden ni aus den Aen verléieren.
    Härgott, héier eis. Härgott, erhéier eis.
  • Mir biede fir eis selwer, déi mir d’Nout an de Misère vun de Mënschen an eiser direkter Noperschaft esou dacks iwwersinn an iwwerhéieren.
    Härgott, maach eis sensibel fir déi Situatiounen, wou mir gebraucht ginn a stärk an eis d‘Hëllefsbereetschaft an d‘Bereetschaft eis Zäit ze huelen fir déi Mënschen, déi eis brauchen.
    Härgott, héier eis. Härgott, erhéier eis.
  • Mir biede fir all déi Mënschen aus eise Familljen- a Frëndeskreeser, aus eiser Duerf- a Porgemeinschaft, déi elo net méi ënnert eis liewen.
    Härgott, schenk Du hinnen den éiwege Fridde bei Dir.
    Mir bieden och fir all déi Mënschen, déi si elo vermëssen an ëm si traueren.
    Härgott, hëllef hinnen dat ze droen, wat hinne schwéier fällt a schenk hinnen déi Kraaft, déi si elo dréngend brauchen.
    Härgott, héier eis. Härgott, erhéier eis.

Gudde Gott, mir soen Dir Merci, dass Du op eis Gebieder lauschters. Looss och eis op dat lauschteren, wat’s Du eis soe wëlls. Dorëms biede mir Dech, duerch Jesus Christus, eise Brudder an Här. Amen.

 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert