Services
 

Pilgerfahrt op Lourdes – Andréck vum Samuel

Participatioun un der Diözesaner Pilgerfahrt op Lourdes vum 25. bis den 31. Juli 2017

Et war fir mech eng grouss Freed, meng éischt Seminaristewoch zu Lourdes ze verbréngen. Et war och meng éischt Rees op dës wonnerbar Plaz. Ech hu mech ganz gutt an de Grupp vun de Seminaristen opgeholl gespiert a mengen, dass dës Woch ons Frëndschaft wierklech gestäerkt huet.

Erfarunge mat de Kranke bei de Foulards blancs

Wat wär Lourdes ouni di Krank? Fir mech war den Déngscht bei de Kranken, dee mir all moien an u verschiddenen Owender gemaach hunn, eng ganz erfëllend Erfarung. Den Témoignage vun de Kranken, déi ganz gedëlleg mat ons waren an och bal ëmmer fein an zefridden – och wann ech heiansdo e bëssen ongeschéckt war – huet mech déif beréiert. Och d’Foulards blancs hu mech impressionnéiert. Hir aussergewéinlech gutt Zesummenaarbecht, den exemplareschen Ëmgank mat de Kranken an hir Opmierksamkeet vis-à-vis vun ons gëllt et hei ervirzehiewen. Weider hunn ech et och ganz schéi fonnt, Lëtzebuerger Geeschtlech ze gesinn, déi sech och an de Soine vun de Kranken engagéieren, notamment den Här Generalvikar Leo Wagener, dee sech besonnesch ëm ons Seminariste gekëmmert huet.

Erfarunge mam Pilgergrupp

Lourdes 2017 war, ofgesi vun de Jugendreesen op Assisi an a Polen, meng éischt Diözesanwallfahrt iwwerhaapt. Et waren awer vill Leit dobäi, déi ech scho kannt hunn. Dës Woch war dann och eng gutt Geleeënheet, fir déi Leit besser kennen ze léieren. Op esou enger Plaz wéi Lourdes fält et muncherengem och méi liicht, iwwert säi Glawen a seng perséinlech Relatioun man Härgott a mat der Muttergottes ze schwätzen. Iwwer déi Gespréicher sinn ech ganz dankbar, genee wéi déi vill Encouragementer an d’Gebiet fir ons!

D’Prëssessiounen zu Lourdes an die international Mass

Bal all Dag konnte mir un der Sakraments- an all Dag un der Liichterprëssessioun am Sanctuaire deelhuelen. Impressionnant war et als Vollek Gottes a ville verschiddenen Sproochen ze bieden an dem Herrgott merci ze soen. Ech perséinlech war ganz begeeschtert von der musikalischer Gestaltung von dese Prëssessiounen, genee wéi vun der internationaler Houmass um Sonndeg. D’Uergel, déi no den Iwwerschwemmungen am Joer 2013 renovéiert ginn ass, huet souguer hiirt Klackespill erklénge gelooss.

D’Liturgie mat de Lëtzebuerger zu Lourdes

Vu besonnescher Wichtegkeet waren an eiser Diözesanwallfahrt déi gemeinsam Momenter vu Gebiet. Den zentrale Moment von all Pilgerdag war die Helleg Mass, déi meeschtens vom Lëtzebuerger Grupp gestallt gouf. Den Owend, wou mir ukomm sinn, war keng Mass méi um offizielle Programm virgesinn, en Deel von de Seminariste sinn trotzdem nach mat hirem Präses, dem abbé Patrick Muller um 23h00 an eng italienesch Mass bei der Grott gaangen. Dat war schon e ganz schéine liturgeschen Optakt vun onser Zeit zu Lourdes. Op der selwechter Platz war dann och den Dag drop eng interdiözesan Mass, déi vum Mgr. Jean-Christophe Lagleize, dem Bëschof vu Metz, präsideiert gouf. Et war schon en aussergewéinlecht Erliefnis, do dierfen ze stoen an d’Mass ze feiere, wou d’Muttergottes der helleger Bernadette 1858 erschéngen ass. D’Mass an der Grott war en Ament, wou ech perséinlech vu grousser Freed an Dankbarkeit erfëllt war.

Zwee weider Momenter mam Lëtzebuerger Grupp, déi zwar streng geholl keng Liturgie waren an ons awer am Gebiet zesummegefouert hunn, waren den Temps de Louange mat ganz schéinen Témoignagen vu laangjärege Lourdespilger aus onsem Land déi op eng ganz perséinlech Manéier erzielt hun, wat op deser Platz fir grouss Saache geschéien, an de Kreizwee mat de Kranken um Donneschdeg Moien, wou mir mat ville verschiddenen nei iwwersate Bibeltexter d’Passioun vun Eiser Här Jesus-Christus meditéiere konnten.

E grousse Moment fir de Letzebuerger Séminaire war d’Messe thématique donnesschdes nomëttes an der église saint Joseph, an der de Vincent de Smet d’Admissio vum Här Generalvikar Leo Wagener am Numm vum Här Äerzbëschof krut. Des Mass war och déi éischt, an der den Här Präses Patrick Muller, de Wallfahrtspriedeger vun desem Joer, sech un ons geriicht huet an déi musikalesch von engem Lëtzebuerger Grupp gestallt gouf un dem enner anerem d’Madame Jutta Förtsch an den abbé Michele Camposeo mat senger famille diaconale bedeelegt waren. Thema von der Mass war Waasser. Dëst gouf an enger Geschicht virun der Mass, engem besonnesche Scholdbekenntnis, an der Priedegt an och an de Fürbitten opgegraff. Lourdes ass eng Platz, wou d’Waasser eng bedeitend Roll spillt. Vill Wonner, déi do geschitt sinn, sinn opgetratt nodems sech d’Mënsche mat dem Waasser aus der geseenter Quell gewäscht hunn.

Freides hate mir zwou Zelebrationen an der église sainte Bernadette: moies eng Célébration pénitentielle mat Beicht an Ubiedung an nomëttes Mass mat Krankensalbung. Dës zwou Liturgien, déi ganz am Zeeche vom Herrgott sengem Erbaarmen an senger Zäertlechkeet stoungen, hu mech perséinlech déif beréiert. Et as emmer e grousse Moment duerch d’Loosspriechung bei der Beicht von senge Sënne befreit ze gin an sech an d’Hänn vom baarmhäerzege Papp faalen ze loossen. An engem Bild vom Rembrandt, dat vom abbé Muller an senger Priedegt erklärt gouf, gëtt dëst wonnerbart Wierke vu Gott veranschaulecht. D’Krankensalbung, déi ganz vill Leit gespend kruten, weist och d’Guttheet an d’Zäertlechkeet vom Herrgott op eng besonnesch Art a Weis. An enger moderner Dialogpriedegt, déi vu verschiddenen Damen am Dialog man abbé Muller virgelies gouf, goung et ëm déi fënnef Senner. Zum Schluss vun der Mass war e wichtige Moment fir d’Foulards Blancs, déi en neie Member an hirer Mëtt opgeholl hun.

Samschdes hate mir nees Mass an der église saint Joseph a sonndes ware mir an der internationaler Mass an der basilique saint Pie X derbäi. De gemeinsamen Ofschloss war den envoie an der basilique Notre Dame du Rosaire. Hei gouf e wéineg op d’Pilgerwoch zeréckgekuckt an iwwer Wonner nogeduecht

D’Seminaristewoch zu Lourdes wärt mir mat Secherheet mäi Liewe laang an Erënnerung bleiwen. D’Mëschung vum Déngscht un de Kranke mat ergreifender Liturgie a schéinen Amenter mat onsem Pilgergrupp hu mir immens gutt gedoen an hu mech och a menger Beruffung zum priisterlechen Déngscht gestärkt.

Samuel
 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert