23. MAFREMA

Samschdes, den 30.03.2019 war et endlech nees souwäit – de MAFREMA : MAt FREed MAssendénger – war zu Iechternach.

„Ich habe viele Dinge gelernt über Jesus und über die Kirche“
„Mir hunn eng ganz interessant Mass gefeiert an et war net langweileg“
„Ich will wiederkommen. Es war ganz toll“
„Ech hunn et gutt fonnt an et war cool“
„Et war mega cool fir déi éischte Kéier. Et ware spannend a witzeg Momenter do“

Dëst an nach vill aneres hunn déi 135 Massendénger, Begleeder an Atleliersleeder als Reaktioun nom 23. MAFREMA geschriwwen.

Et war déi éischte Kéier, datt deen traditionelle Formatiounsdag fir all Massedénger aus eiser Äerzdiözes an der Faaschtenzäit ofgehale gouf.

Ëm 10.00 Auer hu gouf sech zu Iechternach am grousse Refectoire vun der « Boulette » versammelt fir zesummen an d’Basilika anzezéien wou den Här Äerzbëschof jiddereen empfaangen huet.


No der feierlecher Massfeier, goung et du lass op de Kascht : de Kichenatelier vu Yolande Coop huet am d’Massendénger an hir Begleeder mat engem gudden Nuddelsbuffet verwinnt.
Gestäerkt konnt et dunn an déi eenzel Ateliere goen :

de Cycle 3 huet sech mat de liturgesche Géigestänn mat de Kleeder, mam Symbol Kräiz a mam Opbau vun der Mass am Bezuch mat den Aufgaben vun de Massendénger beschäftegt.

D’Massendénger aus dem Cylce 4 kruten Erklärungen zum liturgesche Joer, hu sech mam Bibeltext vum 4. Faaschtesonndeg befaasst an hunn hir Ouschterkäerz dekoréiert fir déi an der Ouschternuechtfeier seenen ze loossen.


Déi Jugendlech Massendénger kruten eis lëtzebuerger Traditiounen mat de Gebräicher erkläert an hu sech mam Kräizwee ausernee gesat.
A souguer d’Begleeder hu sech an engem Atelier ameséiert – hir Wësse gouf mat Spiller iwwer de Massendéngerdéngscht opgefrëscht an et goufen Informatiounen aus der Zentral iwwer déi geplangten Aktivitéiten mat Massendénger.

Zum Ofschloss gouf et ee Certificat fir all Massendénger dee mat gemaach gemaach a jiddereen krut eng « Meditatiounsdous fir den zweeten Deel vun der Faaschtenzäit bis Ouschteren » mat heem.

Deen nächste MAFREMA ass um nees fir Halleffaaschten (21.03.2020) geplangt, wou all Zyklus nei Atelieren ugebuede kritt.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement