Ausfluchsdag

24.09.2022: Ausfluchsdag fir d’Lëtzebuerger Massendénger an de Schifermusée op Uewermaartel

Fotoreportage vum Ausfluchsdag 2022 an de Schifermusée

All Joer um leschte Samschdeg vum September organiséiert d’Équipe Lëtzebuerger Massendénger een Ausfluchsdag fir all Massendénger aus dem ganze Land — a sou hu mir äis och den 24. September 2022 nees getraff fir bei eis am Land op Tour ze sinn. Dëst Joer hu mir äis ënnert dem Motto „op de Spuere vum Leekëppert“ am Schifermusée zu Uewermaartel getraff.
Eisen interessanten Dag ass mat enger Tour duerch d´Gebaier an de Site ugaangen, wou mir ganz vill och iwwert d´Geschicht vum Site an dem Schifer - zäitwäis ëmmerhin déi zweetgréisst Industrie an eisem Land! - erfueren konnten. Besonnesch interessant war do natierlech och déi ënnerierdesch Entdeckungstour fir ze gesinn wou a wéi de Schifer ofgebaut ginn ass.
Mëttes hu mir äis mat engem typesche Mëttegiessen vun engem Leekëppert aus der Gamell gestäerkt, éier mir um Nomëtteg selwer aktiv a kreativ gi sinn: Hei hu mir net nëmmen gewise kritt, wéi deemools geschafft ginn ass, mee mir konnten och selwer eng eege Lee hierstellen an déi duerno och dekoréieren a bemolen, sou dass mir och fir doheem eng flott Erënnerung hunn. Merci all deenen, déi mat op dësem flotten Ausfluchsdag dobäi waren! Och nächst Joër si mir nees am Land ënnerwee fir e weideren flotten Ausfluch: Mierkt Iech also den 30. September 2023 elo scho vir!
Text a Fotoen:
“Lëtzebuerger Massendénger”

ee klengen Abléck : Emissioun PISA op RTL (17.07.2022)


 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement