Tarcisiusfest

Massendéngerinnen a Massendénger aus dem ganze Land hunn den 10. Juli 2022 zu Rued-Sir zesumme mam Här Weibëschof hire Schutzpatréiner, den Hl. Tarcisius, gefeiert.

HEI : grouss Fotogalerie



Message vum Nationalaumônier fir den 09.07.2022

Léif Massendénger a Massendéngerinnen.
Haut op ärem Festdag, wou mir äre Patréiner, den hellegen Tarcisius, feieren, wëll ech iech als ären Nationalaumônier - am Numm och vun eisem Kardinol, eisem Weibëschof an alle Memberen vun der Equipe vun de Lëtzebuerger Massendénger - e grousse Merci soen fir ären Déngscht als treien a froen Zeien vu Jesus Christus. Wéi aarm wieren eis Massen, eis Gottesdéngschter an och eist ganzt Parliewen, wann et iech net giff ginn. Dir sidd lieweg Bausténg vun eise Gemeinschaften a maacht e wonnerbaren onverzichtbaren Déngscht an deenen a fir déi chrëschtlech Gemeinschaften. Huelt iech och weiderhin den hellegen Tarcisius als Virbild als een, deen ouni Angscht a voller Courage, sech vu Jesus Christus ruffe gelooss a sech fir dee Jesus begeeschtere gelooss huet. Bleift och dir begeeschtert fir de Jesus, och wann et an eiser Zäit net einfach ass, sech als gleewegen Massendénger oder Massendéngerin ze outen. Fir iech all feieren ech den Owend Mass a biede fir iech an är Famillljen. Ech wënschen iech e schéine Festdag a bleift gesond a monter. Eis Kierch brauch iech! Hellegen Tarcisius, bied fir eis Massendénger a Massendéngerinnen. Lg, Jempi Reiners

Tarcisiusfestdag 10.07.2022 zu Rued-Sir:
Massendéngerinnen a Massendénger aus der ganzer Äerzdiözees hu sech op Initiativ vun der “Ekipp Lëtzebuerger Massendénger” dëst Joer als klenge Grupp fir hir Tarcisiusfeier zu Rued-Sir getraff.
Lass gaangen ass et am Nomëtteg mat der Visitt vum Massendénger-Gaart vun de Rieder Massendénger, deen ënnert der Leedung vun der Madamm Marie-Josée Frank steet. Si hunn do als Massendénger aus der Gemeng eng Parzelle gelount, wou si an engem Gemeinschaftsgaart verschidden Zorte Geméis ubauen an och Blumme fir d’Kierchen-Dekoratioun ziichten.
Uschléissend ass et zesummen an d’Kierch vu Rued-Sir gaangen, wou den Aumônier vun de Lëtzebuerger Massendénger, den Här Deche Jean-Pierre Reiners, déi wichtegst liturgesch Géigestänn erkläert a virgestallt huet.
No dëser informativer a léierräicher Stonn waren och schonns d’Gegrills an d’Gebäck prett, fir sech zesummen ze stäerken.
Virun der Mass sinn dunn nach déi perséinlech Uleies opgeschriwwe ginn, éier dann als Ofschloss vum Massendénger-Dag zesumme Sonndes-Owes-Mass a Presenz vum Här Weibëschof mat der Gemeinschaft vu Rued geféiert ginn ass. “Hutt den Härgott gär, mam ganzen Häerz - sidd op mannst esouvill frou mam Härgott wéi mat ären Elteren, ärem Hausdéier oder äre Grousselteren.” Esou huet den Här Weibëschof sech wärend senger Priedegt un d’Massendénger geriicht. “Mir brauchen iwwerall an der Gesellschaft Mënschen, déi den Härgott mam Häerz gär hunn, genee wéi mir och all är wäertvoll Déngschter als Massendénger brauchen. Mir brauche Massendénger, déi esou wéi den Tarcisius den Härgott gär hunn, fir den Nächsten do sinn”. No dëse Wierder gouf déi Tarcisiusstatu fir d’Lëtzebuerger Massendénger virgestallt a geseent. Dëst ass eng vum Här Fernand Boever eegen entworf a selwer geschnëtzte Statu aus engem Stéck Weymoutskieferholz aus engem Bësch tëscht Lëntgen a Luerenzweiler, déi mam Sockel 60 cm héich ass.
Dës Naturholzstatu steet vun elo un an der Massendéngerzentral. All Massendéngergrupp dierf déi Statu fir Aktivitéiten an hirer Par ausléinen. Kontakt: massendenger cathol.lu
(Artikel: Ekipp Lëtzebuerger Massendénger)

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement