Tarcisius als Schutzpatroun vun de Massendénger

Tarcisius:

Feiert dir den Tarcisius mat äre Massendénger??
Da sot et eis! Iwwer all Réckmeldung an Iddie free mir eis!
Den hellegen Tarcisius ass de Patroun vun de Massendénger, mee wéini gëtt säi Fest gefeiert?

==> hutt dir eng Tarcisiusduerstellung (Fenster aus enger Kierch, Bild...): Da loosst eis et wëssen resp mailt eis eng Foto ran :)

Dat war d’Fro, déi mer äis an der Nationaléquipe vun de Lëtzebuerger Massendénger gestallt hunn. Op eemol si mer drop gestouss, datt fréier säi Fest de 15. August gefeiert ginn ass.

Tarcisiusreliquiar an der vergréisserter Hauskapell vum “Institutio San Tarcisio” vun de Salesianer(Via Appia Antica; Park vun de Kallixtuskatakomben). Säit dem Mee 2012 steet de Reliquiar elo do an der Kierch a ka vu jidderengem besicht ginn.

Mee: den éischten November 1950 hat de Poopst Pius XII. de Glawenssaz proklaméiert datt d’Muttergottes mat Läif a Séil am Himmel ass (dat heescht hiert éiwegt Zil erreecht huet). D’Fest vu Mariä Himmelfahrt ass schonn zënter dem 7. Jorhonnert an der Kierch gefeiert ginn, mee vun 1950 un gouf et du fest geluecht op de 15. August. Esou ass d’Fest vum hellegen Tarcisius no an no an de Vergiess komm.

An der Nationaléquipe hu mer net nogelooss: vill Leit hu gesicht a gesammelt.

Villes ass fonnt ginn:
· d’Fest vum hellegen Tarcisius ass och emol de 26. Juli gefeiert ginn an och schon de 25. November.
· den Numm ass och net ëmmer dee selwechten oder net ëmmer d’selwecht geschriwwe ginn: Tarcisius, Tarzisius, Tharsicius oder Tarsicius.
· laténgesch Texter vun enger Tarcisius-Mass.

D’Nationaléquipe vun de Lëtzebuerger Massendénger huet d’Initiativ ergraff fir bei äis am Land een Dag, wou keen extrat Fest gefeiert gëtt, als den Dag vum hellegen Tarcisius ze feieren: mer hunn den 9. Juli gewielt, en Dag no bei der grousser Vakanz wou méi oder wéineger jidderee ka matmaachen.

Alles dat an nach villes méi hu mir fir eng Brochür zesummegestallt. Des Broschür kennt der bei eis an der Zentral bestellen (3,50 € / Brochür)

Villes wäert Dir an der Broschür fannen: eng Partie Legenden iwwert den Hellegen, dat wéinegt Geschichtlecht, wat iwwert hie besteet, eng Mass zu senger Éier an och en Szenespill.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement