Ekipp

Den Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich SJ huet vum 01.09.2013 un, d’Madame Tanja Konsbrück als Direktesch an den Här Jean-Pierre Reiners als Nationalaumônier vun de Lëtzebuerger Massendénger ernannt.

Den 20. September 2018 huet den Här Äerzbëschof eng Ekipp mat Dekanatsvertrieder fir d’Massendénger an eiser Äerzdiözes agesat. Am Gaart hanner dem Bëschofshaus gouf deen Owend vun eeleren an den neie Memberen zesumme mam Här Äerzbëschof ee Ginkgo-Bam gesat. Iwwer 30 Joer goufe vill gutt a staark “Wuerzelen” fir d’Lëtzebuerger Massendénger gesat, ee Bam konnt wuessen a soll laang a vill Blieder droen an nach vill wuessen.

D’Équipe Lëtzebuerger Massendénger ronderëm d’Tanja Konsbrück (Direktesch) an dem abbé Jean-Pierre Reiners (Nationalaumônier) besteet aktuell aus folgende Memberen, déi vum Här Äerzbëschof genannt goufen:
abbé De Smet Vincent
Feller Véronique
abbé Häcker Tristan
Neissen-Schneider Hélène
abbé Olinger Yves
Zimmer Luc

De Büro ass wärend der Schoulzäit reegelméisseg vum Tanja Konsbrück besat. Wëllt Dir eng aner Kéier laanscht kommen, da mellt Iech via Mail (massendenger cathol.lu) oder Telefon um 44 743 243 fir ee Rendezvous.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement