
D‘Chorale Ste Apolline vu Welschent huet op hirer Generalversammlung e Chèque vu 1550 € fir « Reech eng Hand » ginn.
Dës Sue sinn der Erléis vun hirer Kaffisstuff.
D’Mme Andrée Turpel vun der Caritas, Responsabel vum Foyer Buerschent, an d’Mme Marie-Christine Ries, Responsabel vu „Reech eng Hand“ hunn dëse Chèque entgéint geholl.
D’Suen gi fir de Foyer Buerschent genotzt, ënner anerem fir e Fest mat alle Léit ze organiséieren.
Der Chorale vu Welschent, e grousse MERCI, datt si Mënschen op der Flucht d’Hand reechen.