TeamViewer

TeamViewer ass e klenge Programm, deen erlaabt d’Kontroll iwwert äre Computer ze huelen.
Natierlech nëmmen, wann dir ons dat erlaabt.

An der Praxis fonctionnéiert et esou:

  • Dir hutt e gréissere Problem, wou mer per Email net eens ginn.
  • Dir luet dee richtegen Zip-Fichier fir äre Computer erof (Windows oder Mac, op Franséisch oder Englesch).
  • Dir ent-zippt de Fichier a start de Programm deen dran ass.
  • Wann eng Warnung kënnt, da soot Dir wäert d’accord.
  • Iwwert Telefon gitt dir ons d’ID-Nummer an d’Passwuert, wat de Programm Iech uweist.
  • Mir verbannen ons domat op äre Computer a kënne gesinn, wat bei Iech um Ecran leeft. Esou versti mir vläicht besser, wou de Problem hier kënnt.
  • Duerno einfach de Programm zoumaachen, installéiert gëtt näischt op äerem Computer.
ID a Kennwort vun dësem Bild ass just e Beispill. Beim Starten vum Programm op ärem Computer kritt dir déi richteg Nummeren.
Zip 13.8 MB, 4. Abrëll 2017
TeamViewer pour Windows (français)
Zip 13.8 MB, 4. Abrëll 2017
TeamViewer for Windows (English)
Zip 23.8 MB, 4. Abrëll 2017
TeamViewer pour Mac (français)
Zip 23.8 MB, 4. Abrëll 2017
TeamViewer for Mac (English)
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement