Massstipendien

(Onkäschtebäitrag)


Home GoBack Print Kontakt

Wéi gesäit d’Massebestellung praktësch aus ?

A) Mass-Intentioun mellen
Wann Dir eng Mass wëllt bestellen, da schwetzt w.e.g. als éischt mat engem aus dem Pastoralteam oder mam Parbüro. Mir notéieren Äer Intentiounen an eventuell den Datum vun der Mass. Erréischt dono kënn dir dann deen entspriechenden Geldbetrag op ee vun eise Kontoen fir Massbestellungen iwwerweisen.

  • per Telefon: 720149
  • per Mail: iechternach cathol.lu
  • per Bréif: B.P. 40 L-6401 Echternach
  • (evtl. mat engem Ziedel)
 

B) Wéi gëtt bezuelt ?

  • Dir bezuelt bor um Sekretariat oder dir gitt d’Suen engem Member vun der Pastoralékipp.
  • Oder Dir iwwerweist op de Kont vun der Par. Dir musst awer donieft d’Mass am Parbüro oder bei engem Member vun der Pastoralekipp mellen. Just iwwerweise geet net duer.
  • Fir d’Begriefnisser an d’Hochzäiten schéckt d’Parsekretariat iech eng Rechnung.
 

Tariffer:

De 19. Dezember 2019 huet d’Bistum nei Tariffer fir Massen a Gottesdéngschter agefouert:

Massen am Altersheim - CIPA: 10,00 €
Massen ouni Uergel: 20,00 €
Massen mat Uergel: 30,00 €
Begriefnismass mat Uergel:
An deem Tarif ass d’Chorale, déi eventuell gefrot gëtt, net abegraff.
125,00 €
Hochzäit mat Uergel:
An deem Tarif ass d’Chorale (an/oder aner Museker), déi evtl. gefrot gëtt, net abegraff.
150,00 €

Links:

Eis Par

Massen

Bankverbindungen a Kont

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement