+Archidiocèse
 
+Communautés pastorales
 
+Services
 
+Mouvements
MOBILE
 
Contact
 
Plan du site
 
Réiserbann
   
   
 
Chargement...
Geschicht

Kierch BéiwengD’Par Béiweng-Bierchem ass déi jéngste Par aus dem Réiserbann. 
Bis 1861 huet Béiweng-Bierchem zur Par Réiser-Krautem gehéiert. Wéi 1852 eng nei, méi grouss Kierch zu Réiser gebaut sollt ginn, hunn déi Béiweng-Bierchemer décidéiert, selwer eng Kierch ze bauen an eng eegestänneg Par ze ginn. Um Referendum - fir de Standuert vun der neier Réiser Kierch ze bestëmmen - hu si sech net bedeelegt.
 Ursachen :

1. Déi Zäit ass et nëmmen 1 Wee ginn, dee vu Béiweng op Réiser gaang ass, an zwar de Brillewee oder och Pëppel-Wee genannt. An der Reenzäit war dëse Wee oft iwwerschwämmt, sou datt et fir di Béiweng-Bierchemer onméiglech war, op Réiser an d’Kierch ze goen.

2. Wéi zu Réiser eng nei Kierch sollt gebaut ginn, sollt déi net méi op di al Plaz kommen, ma tëschent di zwee Dierfer Réiser a Krautem. Dës Plaz war fir di Krautemer Leit vill mi no, mee fir di Béiweng-Bierchemer war et vill mi wäit. 
(Den ’neie Wee’ ass eréischt 1879 gebaut ginn, déi Zäit, wou d’Gare op Bierchem koum.)

1860
Den Architekt Eberhard aus der Stad Lëtzebuerg erschafft d’Pläng fir di nei Kierch. Am selwechte Joer fänkt d’Firma Wenner vun Hollerech mat den Aarbechten un.

1860-1861
D’Kierch gëtt niewent de Kierfecht gebaut - dohinn, wou virdrun d’Margréide-Kapell stung.

1861
Déi nei Kierch steet. E Chronogramm iwwert dem Kiercheportal erënnert dorun : e CC taberna CULUM DEL.
D’Kierch bannendran ass ganz einfach gehaalen. Wéi et deemols och an den Häiser oder Ställ de Fall war, sinn d’Wänn wäiss gekalléckt.

21.12.1861
Béiweng-Bierchem trennt sech vun der Par Réiser a gëtt eegestänneg.

1862
D’Sakristei gëtt ugebaut.

1864
D’ganz Kierch - ausser de Plafong - gëtt nei ugestrach.

27.07.1867
D’Kierch gëtt vum Bëschof Nic Adames konsekréiert.

1874
D’Firmung soll dëst Joer zu Béiweng sinn. Aus dësem Grond gëtt d’Kierch nach eng Kéier ganz nei gemaach.

1898
D’Kierch kritt hir wonnerbar faarweg Fënsteren. Si gi vun der Firma Linster & Schmit vu Mondorf gemaach.

1990
D’Kierch gëtt komplett renovéiert - bannen a baussen. Den Ducksall an d’Trap ginn ofgerappt an am Betong nei gebaut. En neie Buedem gëtt geluecht an eng Foussbuedemheizung installéiert. D’Elektresch gëtt neigemach, genau wi d’Fassad. Dës Arbechten daueren 2 Joer.

Quell : Par Béiweng-Bierchem-Kockelscheier erzielt
 
© Église catholique à Luxembourg Contact | Webmaster Tools
 
http://www.cathol.lu//communautes-pastorales/munneref/kanner-jugend-massendinger/link-op-verschidden-saiten/

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés