Chargement...
D’Geschicht vun der Léiwenger Kierch ass vu fromme Soen ëmginn. A geschriwwene Quellen aus dem Mëttelalter gëtt fir d’éischt 1145 « LEVINGA » ernimmt.
Am 18. Jorhonnert gehéiert Léiweng mat der Stakescher Kapell (op der Strooss vu Beetebuerg op d’Kockelscheier) ofwiesselnd 2 Joer zur Par Réiser an 1 Joer zur Par Beetebuerg.
bis 1914
Zu Léiweng stung eng Kapell op deeër Plaz, wou haut d’Kierch steet. An deene Joerhonnerte virdrun ass di Kapell ëmmer nees restauréiert ginn.
1914
D’Kierch wéi se haut do steet, gëtt am neo-romanesche Stil gebaut. D’Pläng si vum Architekt J.-P. Koenig aus der Stad.
1915
En neie Priedegtstull an en neie Wäiwaasserkessel ginn ugeschaaft.
1919 resp. 1921
Di 2 Säitenaltär kommen an d’Kierch. Si si vum Schräiner Decker vu Mondorf.
1925
2 Klacke ginn ugeschaaft.
1929
De Schräiner Decker vu Mondorf liwwert eng nei Kommiounsbänk.
1930
D’Elektresch gëtt geluegt.
1933
Vun Abrëll bis Oktober gëtt de Chouer vum Nic. Brücher vun Elveng ausgemoolt.
« Die Verherrlichung der Gottesmutter » mat Engelen, Kanner an Hellegen.
Besonnesch dodrun : D’Gesiichter vun de Personnage sinn déi vun de Kanner an de Leit aus dem Duerf.
1955
D’Kierch gëtt nei ugestrach an eng nei Heizung installéiert.
1970
Fir d’Primiz vum Pater Louis Letsch kritt d’Kierch nees en neien Ustrach. Aus der Kommiounsbänk gëtt den neie « Volleksaltoer » gemaach.
1979
Et gëtt no den Holzaltär an de Bänke gekuckt (de Wuerm ass dran). D’Baussemauere ginn drëche geluecht (bei de Kierche war et net anescht, wi bei den Häiser : do, wou kee Keller drënner war, do waren d’Mauere fiicht). Bei dësen Aarbechte ginn Iwwerreschter vun engem réimesche Graf fonnt. Och d’Molereien am Chouer, genau wéi d’Holzaltär, gi restauréiert. Den Haaptaltoer ass aus der aler Léiwenger Kapell. En ass 1753 vum Nikolas Greef vun Altwies ganz aus Eechenholz gemaach ginn. Drop kann een eng Statu vum Hl. Lukas gesinn.
D’Bildche mam Gnodebild « Maria Heimsuchung » aus der Stackescher Kapell gesäit een um Marienaltoer. D’Bildchen ass vu 1650, de Barockkader vu 1720.
1987
« Les amis de l’Histoire du Roeserbann » loossen d’Statu vum « Prager Jesulein » restauréieren. Dës Statu ass 1890 geschnëtzt ginn. Et ass eng Stëftung vun der Famill Schweitzer vun 1902. D’Verkënnegungsmadonna aus Steen (ëm 1780), déi bis 1914 an der aler Kapell stung, kënnt nees zréck an d’Kierch. Si kënnt niewent de Beichtstull stoen.