Chargement...
Der So no war di éischt Kapell zu Peppeng e Geschenk vum Kinnek Pipin (8. Jh.).
D’Kapell gëtt schonns Mëtt vum 9. Jorhonnert ernimmt.
De Pipin ass, wéi et schéngt, op Peppeng op d’Juegd komm.

714
Den Hl. Willibrord ass e puer Mol fir e kuerzen Openthalt zu Peppeng.
zënter 1350
Peppeng gehéiert zur Par Réiser. D’Kapell ass dem Hl. Péitrus geweit.
1803-1808
Peppeng gehéiert zur Par Beetebuerg.
1808
Peppeng gëtt erëm eng Filial vu Réiser an de Patréiner vun der Kapell gëtt den Hl. Hubertus.
1838
Duerch e Feier ginn d’Kaplounshaus um Kierfecht an an der Kapell de Chouerraum mam Altoer zerstéiert.
Och d’Kapell selwer ass schwéier beschiedegt. Dorops hi gëtt décidéiert, eng nei Kierch ze bauen.
1840
Den Neibau ass fäerdeg. Et ass awer noléisseg geschafft ginn an de Bau ass baufälleg a riskéiert an e Koup ze falen.
Et mussen Stabiliséierungsaarbechte geplangt an duerchfouert ginn.
1850
Schlussendlech ass d’Kapell - zu jidderengem senger Zefriddenheet - fäerdeg gebaut.
D’Duerfleit kafen den Haaptaltoer aus der Mëchelskierch um Fëschmaart (entstan ëm 1689).
1896
D’Firma Linster vu Mondorf setzt faarweg Fënsteren an.
1927-1929
D’Kierch gëtt renovéiert. Ënner anerem ginn d’Molereien am Chouer vun
de Gebridder Neumanns vu Befort nei gemaach.
Lënks : Christus gëtt a senger Kinnekswürd verspott.
Riets : Pilatus stellt Jesus dem Vollek vir.
Um Plafong : Christus als himmlesche Kinnek.
1979
Aus de Kommiounsbänke gëtt den neien Altoer.