Chargement...
D’Par Réiser ass wahrscheinlech am 7. Joerhonnert entstan.
1503
D’Réiser Kierch gëtt am Hierdegaart nei gebaut. (Do wou haut den ale Réiser Kierfech ass.) Et wor eng relatif kleng Kierch - éischter eng herrschaftlech Kapell fir d’Pare Réiser a Béiweng. Aus dëser Kierch kënnt d’Kräizegungsgrupp, déi haut an der Morgue steet.
Mëtt 19. Jh.
Et soll eng nei Kierch gebaut ginn. Déi al ass ze kleng, awer wat méi schlëmm ass, si ass baufälleg. Doduerch war et net méiglech se ze vergréisseren.
Vu datt elo eng nei Kierch gebaut sollt ginn, hunn di Krautemer Leit gefrot, fir se méi no bei hiert Duerf ze kréien, well vu Krautem bis bei den Hierdegaart war et wäit.
Et ass dunn décidéiert ginn an der Par Réiser - mat den Dierfer Réiser-Krautem a Béiweng-Bierchem - eng Ëmfro ze maachen. D’Réiser Leit wollten d’Kierch op hirer aler Platz, déi Krautemer wollte se méi no bäi Krautem an déi Béiweng-Bierchemer wollte selwer eng eege Kierch hunn.
24. Juni 1850
De Referendum gouf ofgehal. D’Resultat huet gewisen, datt Béiweng-Bierchem guer net matgemaach hat.
Well Krautem déi meeschten Awunner hat krut Krautem och déi meeschte Stëmmen an d’Kierch gouf op d’Grenz vu Réiser a Krautem gebaut.
10. September 1852
Endlech gëtt mam Bau vun der neier Kierch ugefaang.
1853
Déi al Kierch gëtt ofgerappt an d’Steng dervu gi geholl, fir (1855) dat neit Paschtoueschhaus ze bauen.
Déi nei Kierch gëtt am neogothege Stil gebaut. Ee Stil, deen am 19. Joerhonnert ganz beléift war. Dobäi gouf probéiert, de gothege Stil, an deem haaptsächlech grouss Kathedralen aus dem Mëttelalter gebaut sinn, esou gutt ewéi méiglech ze immitéieren. Typesch Elementer sinn en héijen, schmuele Bau mat ville Stützseilen. De Raum ass an der Mëtt 12,6 m héich, d’Säiteschëffer hunn 9,3 m.
Déi 2 Säitenaltär aus der aler Kierch kommen an di nei. Zu dësen huet hëchstwahrscheinlech och en Haaptaltoer gehéiert, deen awer leider verschwonnen ass, wéi den neie gothegen Altoer opgeriicht gouf. Och de Priedegtstull mat de Portraite vun de 4 Evangelisten ass aus der aler Kierch.
1854
Endlech ass d’Kierch fäerdeg. Se kascht 39.000.- Frang.
1855
D’Kierch kritt en neien Dafbecken. Dëse steet haut am Agank mat Wäiwaasser.
13. August 1874
Di nei Kierch gëtt feierlech vum Bëschof Adames konsekréiert. An den Haaptaltoer gëtt eng kleng Këschtchen aus Glas mat de Reliquie vun den Hellegen Donatus, Aurelius an Desiderius agebaut an d’Kierch gëtt dem Hl. Donatus geweit.
1844
Di faarweg Fenstere gi vun der Firma Linster-Schmit vu Mondorf agesat.
16. Juli 1884
Obwuel den Hl. Donatus de Beschützer bei Wiederen ass, schéngt et, wéi wa säi Schutz net ëmmer funktionéiere géif. Géint 13.45 Auer schléit de Blëtz an. E groussen Deel vum Tuerm verbrennt.
20. Mee 1918
Op Päischtsonndeg schléit de Blëtz gläich (nach) zweemol an den Tuerm.
1975
D’Kierch gëtt nei ugestrach.
16. Mäerz 1986
Di nei Päifenuergel gëtt ageweit - si huet 23 Regester, 2 Manualen a Pedalwierk.
Zesumme sinn et 1.414 Päifen : di gréisst - mat dem déifsten Toun - ass 2,19 m héich an huet e Gewiicht vun 30,5 kg; di klengst - mat dem héichsten Toun - ass 12 mm « grouss » a weit 25 gr.
17. Mee 1998
D’Pargemeinschaft feiert an der Kierch di läscht Mass virun der Restauratioun. Ënnert dem Här Paschtouer Léon Kraus gëtt se da komplett restauréiert.
2. Oktober 1999
An der komplett nei restauréierter Kierch gëtt di 1. Mass mam Här Generalvikar Mathias Schiltz gefeiert.
Quell : Parkierch Réiser an de Réiserbann 1999