Chargement...
Am Réiserbann ass et de Gebrauch, datt d’Kommiounskanner an hir Famill op en Deel vu Geschenker, Blummen oder „normale“ Gléckwonschkaarte verzichten. Si spenden den Erléis vun dësem Verzicht a maachen en Don zu Gonschte vun der Kommiouns-Aktioun. Dëst Joer ënnerstëtze si mat „Alupse asbl“ och erëm ee Wierk, dat sech an den Déngscht vu Kanner stellt.
Sou wéi d’Famillje vun de Kommiounskanner kënnen och hir Frënn a Bekannte sech un der „Kommiouns-Aktioun 2012“ bedeelegen : e Cado, eng Blumm, eng Kaart – mat engem Geste vu Sympathie maache si de Kommiounskanner op hirem Festdag eng grouss Freed. Dir ersetzt mat Ärem Don dëse Geste :
Fir en Don vu 5, 10, 15 oder 20 € kritt Dir als Beleg eng Kaart (mat Envelopp). Mat dëser Kaart kënnt Dir Är Gléckwënsch un e Kand a seng Famill weiderginn an Dir ënnerstëtzt zugläich d’Kommiouns-Aktioun. D’Kaarte kritt Dir an eise Kierchen an och zu Réiser am Parbüro.
Wee méi e groussen Don (op eegene Wonsch) wëllt maachen oder evt. méi Kanner wëllt beschenken (> 5), ka sech och am Parbüro melden.
La coutume veut qu’au Roeserbann les enfants qui font la 1re communion et leur famille renoncent en partie à des cadeaux, fleurs ou cartes de vœux ordinaires. Le produit de ce geste, un don au profit de l’« Action-1re Communion », sera offert à une a.s.b.l. qui se met au service d’enfants - cette année, nous soutiendrons l’„Alupse asbl“.
Tout comme les familles des enfants, leurs amis et toute autre personne peuvent participer à l’« Action-1re Communion 2012 ». Un cadeau, une fleur, une carte de vœux – tout geste de sympathie embellit la fête de 1re communion des enfants. Avec votre don, vous remplacez ce geste :
Pour votre don de 5, 10, 15 ou 20 €, vous recevez – comme quittance – une carte (avec enveloppe). Avec cette carte, vous envoyez vos vœux à l’enfant et sa famille et vous soutenez en même temps l’« Action-1re Communion ». Vous recevez les cartes dans nos églises et au bureau paroissial de Roeser.
Pour faire un don plus élevé – selon vos désirs – ou pour avoir plusieurs cartes (> 5), veuillez vous adresser au bureau paroissial.

- Kierchefënster vu Réiser
- . Kaart fir en Don vu 5,- €
|

- Kierchefënster vu Réiser
- .Kaart fir en Don vun 10,- €
|

- Zelebratiouns-Altoer vu Peppeng
- Kaart fir en Don vu 15,- €
|

- Molerei am Klouschter vu Peppeng
- Kaart fir en Don vun 20,- €
|