Bienvenu sur le site de St Barthélemy Consdorf.

 

Oeuvres Saint Barthélemy

läschten Update vun der Homepage: 20.03.2020

Am Kontext vun der Coronakris huet eist Bistum verschidden Entscheedunge geholl fir déi nächst Zäit :

Bis zum 30. Abrëll si mol virleefeg keng Massen an eise Gemeinschaften. Dir kënnt iwwer déi Ouschterdeeg d’Gottesdëngschter am Live-Stream vun der Kathedral matfeieren. Den Horaire fann Dir op www.cathol.lu. Eis Paschtéier feieren d’Gottesdëngschter ouni Vollek.

Am Moment feiere mir och keng Kommunioun oder Firmung. Fréistens Enn Mee kucke mir no neien Datumer.

Et ass keng Kateches, sou laang wéi keng Schoul ass. Fir Kateches doheem, kuckt um Site www.cate.lu. Dir kritt e Bréif mat den néidegen IInformatiounen.

Och all Dafen, Hochzäiten a Begriewnessmassen ginn op e spéideren Zäitpunkt verluecht.

E Begriewness um Kierfecht ka just am klengste Krees vun der Famill gefeiert ginn.

D’Oktav ass dëst Joër och ouni physesch Präsenz vun de Gleewegen. Verschidde Gottesdëngschter an d’Andacht um 16.00 Auer wärten aus der Kathedral iwerdroë ginn. An der Woch vum 10.-18. Oktober si Wallfahrten bäi d’Muttergottes fir d’Pare geplangt. Genee Informatiounen kommen zur Zäit no.

D’Wallfahrt bäi d’Muttergottes vu Fatima zu Wolz fir Christi Himmelfahrt ass annuléiert.

Fir d’Sprangprozessioun den 2. Juni zu Iechternach hëllt de Willibrordusbauveräin d’Décisioun zesumme mat de Responsablele vun der Santé.

All aner Informatioune kënn Dir op www.cathol.lu oder an de Medie fannen.

Mir si fir all weider Froën per Mail oder um Telefon erreechbar.

Merci fir ärt Versteesdemech a fir dat gemeinsamt Gebiet, wat mir jiddereen doheem, roueg a bescheiden maachen. Sou si mir all matenee verbonnen, och wa mir eis nët gesinn.

Mat engem Merci un all déi déi sech fir eis Gesondheet a Sécherheet engagéieren.
Hale mir all zesummen, a biede mir doheem !

Léif Gréiss vun der Pastoralekipp vun der Par Regioun Iechternach St Willibrord

Dans le contexte de la crise actuelle du Covid-19 et après que le gouvernement ait déclaré l’état d’urgence pour le Luxembourg, l’Administration diocésaine annonce certaines mesures :

Jusqu’au 30 avril, nous n’aurons pas de messes et services religieux publics. Vous pouvez suivre les services religieux de la Semaine sainte et les messes pour Pâques sur live-stream. L’horaire est communiqué sur www.cathol.lu. Nos prêtres vont célébrer les services religieux sans assemblée.

Pour l’instant, les dates des Premières Communions et des Confirmations sont reportées et seront fixées, si la situation s’est stabilisée, à partir de fin mai.

Il n’y a pas de catéchèse jusqu’à la reprise des cours des écoles. Pour des informations sur la catéchèse au foyer, regardez sur www.cate.lu. Une lettre avec les détails suivra.

Toutes les dates de baptêmes, mariages et de messes de funérailles sont reportées et reprises après la fin de la crise du coronavirus.

Les services funèbres au cimetière sont célébrés dans la plus stricte intimité familiale
.
L’Octave Notre-Dame aura lieu sans présence physique des fidèles. Les paroisses et les communautés seront invitées au pèlerinage pour la semaine du 10-18 octobre. Des informations suivront.

Le pèlerinage à Notre-Dame de Fatima à Wiltz, prévu pour l’Ascension est annulé.

Concernant la Procession Dansante d’Echternach, les décisions vont être prises par l’œuvre St Willibrord, après consultation des autorités sanitaires compétentes.

Pour toutes les informations, regardez sur www.cathol.lu ou dans les journaux.

N’hésitez pas à nous contacter par mail ou par téléphone si vous avez des questions.

Merci pour votre compréhension et pour toute prière faite humblement et discrètement chez vous à la maison. Nous sommes unis par notre prière, même si nous respectons les consignes de sécurité et nous restons à la maison.
Un grand merci à tout ceux qui s’engagent pour notre santé et notre sécurité.
Prions dans nos maisons, soyons unis !

Cordialement,
L’équipe pastorale de la paroisse St Willibrord région Echternach

Hei déi nei, offiziell Matdeelung vum Bistum fir déi kommend Zäit! Informatiounen zu de kommende Gottesdéngschter, dem Klibberen, der Katechese, de Kommuniounen, de Firmungen, Oktav, Fatima-Prëssessioun zu Wolz...).
Liest einfach alles selwer gutt duerch - dir fannt déi Informatioun och op Franséisch an op Portugisesch um Site. Einfach uewen d’Sprooch auswielen.

* Anweisungen zu Gottesdiensten, Erstkommunionfeiern, Katechese und diözesanen Wallfahrten
Das Erzbischöfliche Ordinariat teilt mit -> link: https://cathol.lu/article8492

* Instructions pour les services religieux, les célébrations de la première communion, la catéchèse et les pèlerinages diocésains
L’Administration diocésaine communique -> lien: https://cathol.lu/article8493

* Instruções para os serviços religiosos, primeira comunhão, catequese e peregrinações diocesanas
A Administração Diocesana comunica-> https://cathol.lu/article8494

fir eng Visite vun der Kierchen zu Präitler an zu Konsdref: Mail op massendengerconsdorf pt.lu .

Fir Froen an Ureegungen kënnt Dir eis gären eng E-mail maachen: stbarthelemy cathol.lu

neie Flyer, deen eis virstellt:

flyer OSBC

* Nei Homepage-adresse:
Oeuvres Saint Barthelémy Consdorf:
https://cathol.lu/stbarthelemy

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement