Archiv 2017

* Januar: Grouss Opraum- a Botzaktion zu Konsdref an der Kierch

* 31. Januar : Bedeelegung un der Versammlung ‘Nei Matbierger’, organiséiert vun der Gemeng am Festsall um Scheedgen

* 8. Februar: Versammlung vun all eise Memberen zu Konsdref am Veräinsbau fir iwwert eis Projeten 2017 ze schwätzen.

* 11. Februar: “Porte Ouverte” an der Konsdrefer Kierch.

* Mäerz an Abrëll: Botzaktioun an der Kierch um Scheedgen no engem Waasserschued am Januar

Schedgen Abrell 2017
Foto: Tanja Konsbruck

* 29.04. - Analyse vum Zoustand vun de Kierchebänken (Kierch Konsdref)

* Haptdiir vun der Konsdrefer Kierch kritt een neien Türstopper

* Bedeelegung um Pilgerdag (19.05.2017)

* Bedeelegung un der feierlecher Éischtkommuniounsfeier (21.05.2017)

* Bedeeleung um Te Deum (22.06.2017)

* 15.07.2017 “verre d’amitié” no der Mass zu Konsdref

* 32 nei Still sinn an der Kierch zu Konsdref ukomm

Foto: Konsbruck Tanja
Foto: Konsbruck Tanja

* Kiirmesweekend (23.09. + 24.09.2017):
Um Kiermesweekend, den 23. an 24. September gouf zu Consdorf een Duerffest organiséiert. D’Oeuvres St Barthélémy Consdorf hate sech aktiv um Fest bedeelegt. No der Kiirmesmass (déi Samsdes owes am Festzelt gefeiert gouf) konnten d’Leit sech mat enger waarmer Zopp, enger Kippcchen a mat engem Stéck Kiirmeskuch mat Ham stäerken. Sonndes hate mir ee Stand mat engem Zoppebuffet a Crémant
==> Alle Sponsoren an och alle Visiteuren ee waarmen, häerzleche MERCI fir hir gutt Ënnerstëtzung op deem Weekend.

* Präsenz bäi der Aweiung vun der neier Duerfplaz zu Präitler (27.09.2017)

* Bedeelegung um “Vide Grenier” zu Konsdrëf (08.Oktober 2017) an der rue Kuelscheier

* 13.10.2017: “Journée de la Commémoration” zu Konsdref; 18.00 Auer Mass an der Kierch

* November: Matmaache bäi der grousser Liewensmëttelpäkaktioun - een Dekke MERCI u jiddereen deen eng Hand hei mat ugepak huet (d’OSBC konnt 42 Liewensmëttelpäk, vill Dekken an och vill Spillsaachen ofliwweren)

* 3.Advent an der Konsdrëfer Kierch:
no der Mass gouf ee waarme Pättchen fir Grouss a Kleng (warmen Hugo an ee “Kannerdrink”) mat selwergebakene Kichelcher offréiert. 64 selwer gebastelt Engelen goufe verkaf -> Erléis ass fir bäi déi nei Këssen fir d’Kierch zu Konsdrëf. Villmols MERCI fir all léiwe Geste.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement