|
GrëndungŒuvres Saint-Barthélemy Consdorf a.s.b.l. Den 30. August gouf op Initiativ vun enger Reih engagéierte Leit aus der Par Consdorf d’„Œuvres Saint-Barthélemy Consdorf a.s.b.l.“ gegrëndt. Dës Associatioun huet sech als Zil gesat, „d’œuvrer pour le maintien et la propagation des valeurs de la culture chrétienne et de soutenir l’exercice de la religion catholique par tous les moyens appropriés dans les localités de la commune de Consdorf“(aus de Statuten). An nächster Zäit, wann d’Statuten offiziell unerkannt sinn an d’A.s.b.l. registréiert ass, wärte mir Iech weider Informatiounen zoukomme loossen. Jiddfereen ass elo schonns ganz häerzlech invitéiert, fir d’Wierk vun eiser neier A.s.b.l. z’ënnerstëtzen. De Grënnungskomitee leet elo all Schrëtt an d’Wee, déi néideg sinn. Mat dëser Grënnung gi mir an eng nei Zäit. Ech géif mech freeën, wann dir mat eis kéint goën op dëse neie Weër. Ech géif mech och freeën, wann dës Grënnung Nachahmung an eisen aneren Paren géif fannen. Carlo Morbach, Paschtouer |