Paroisses
 

1. gemeinsame Bietdag

7. Januar 2017 an der Bricher Parkierch

Wat ass nei?

An dësem Kierchejoer probéiere mer, als grouss Nei Par e gemeinsame Bietdag ze feieren. Mir wëllen äis, dee ganzen Dag, viru Jesus Christus selwer versammelen, deen an der eucharistescher Gestalt an eiser Mëtt ass. Op Hien alleng wëlle mer eis konzentréieren, Hie wëlle mer ubieden, Hie wëlle mer froen, eis d’Richtung ze weisen, déi mir als Nei Par goe wëllen.

Firwat?

Duerfir e waarmen Appell un all Chrëschten aus eiser Par, déi gudder Wëll sinn. Mir liewen an enger schwéierer Zäit. D’Gesellschaft an déi national Politik drécken eis un de Bord vun der Gesellschaft. D’Vollekskierch verschwënnt. An iwwerall gëtt gejéimmert a gesouert: „Wéi soll daat elo weidergoen?“

Daat beschtent Rezept ass, de Jesus selwer ze froën.
„Jesus, wat solle mer maachen?
Wat réits Du eis? Wat wëlls Du fir eis Par?
Wat fir Schrëtt solle mir maachen?“

Sou kann eist Gebied um Bietdag ausgesinn. Mir mussen ophalen, eis eegen Ideeën duerchzesetzen. Mir mussen ophalen, Fronten opzebauen an ze verhäerten. Eis Par steet am Déngscht vun der Verkënnegung vu Christus. Vun Äischen bis op de Rouscht däerf et nëmmen alleng ëm Jesus Christus goen. Duerfir de gemeinsame Bietdag, wou mer eis net versammelen an Aktivismus bedreiwen. Neen, de Bietdag soll een Dag vu Gebied sinn, de Jesus a mir. A soss näischt.

Mam Bietdag kann eis Par en neie Wee vu Versöhnung a Fridde goen. Mä et geet nëmmen mat HIM! An dat Aarmséilegt un eis musse mer ofleeën, fir Christus kënnen ze begéinen. Duerfir wëlle mer, mat den Hellegen Dräi Kinneken, um éischte Sonndeg am Kalennerjoer, op d’Knéie goen, a Christus froen, eis ze begleeden an mat eis ze sinn.

Programm

7. Januar 2017 an der Bricher Parkierch

09h00 Invitatorium a feierlech Aussetzung vum allerhellegste Sakrament
dono feierlech Laudes vun Epiphanie
09h30 stëll Bietstonn
10h00 Bietstonn fir d’Katechees - CATE 1 + CATE 2
11h30 gestallte Bietstonn
12h30 Sext (Mëttesgebied)
13h00 meditativ Bietstonn mat Uergelmusek
14h00 feierlech Andacht fir Epiphanie
15h00 Bietstonn fir d’Membere vum Pastoralrot, Filial- a Kiercheréit
16h00 Bietstonn fir d’Katechees - CATE 3 + CATE 4
17h00 feierlech Vesper (Owesgebied)
17h30 Bietstonn fir d’Eischtkommuniounskanner
18h00 Feierlech, konzelebréiert Owesmass mat Te Deum a sakramentalem Seegen
Festpriedeger: Abbé Francis Erasmy, Rektor vun der Eechternoacher Basilika
dono: Seene vun de Klengkanner, Kanner, Erwuessener a bestuete Koppele virun der Krëppchen
 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu