Ënnerstëtzung bäim Akafen

D’Par Äischdall-Helpert St-Willibord wëll an der aktueller Corona-Kris déi eeler Matmënschen an hirer Par ënnerstëtzen.

An dësen Deeg, an deene mir opgefuerdert sinn, doheem ze bleiwen, wëlle mir eis eeler Matmënschen ënnerstëtzen, déi nach doheem wunnen, awer an dëser Zäit net méi kënnen erausgoen, zum Beispill fir akafen ze goen.

Dir kënnt äis jeeweils vu méindes bis freides tëscht 9:00 an 11:00 Auer uruffen (Telefonsnummer : 835003495, Mail), wann Dir an den Dierfer vun de Gemenge Biissen, Habscht, Helperknapp a Sëll wunnt a wëllt, datt mir Iech ënnerstëtzen. Dëse Service ass gratis.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement