Helperknapp: Wallfahrt op Päischtméindeg

1. Juni 2020

Op Päischtméindeg 1. Juni 2020 ass d’Stëllmass um Helperknapp net ëffentlech. Dir kënnt awer ënner verschiddene Formen un dësem Dag Iech bedeelegen.

1. Bréngt Äert Gebiet bei den Hellege Willibrord. Dozou fannt Dir an eise Kierchen eng Käertchen an da kënnt se zréckschécken. Dës Käertercher huele mir da mat op den Helperknapp.

Biller vun der Willibrorduskäerz

2. Um Helperknapp fänke mir eng speziell Käerz un. Och no der Stëllmass wäert se weiderbrennen an domatter en Zeeche fir eis Suergen, déi mir dem Härgott vertrauen. Dir kënnt heifir gäeren en Don op de Postscheckkont CCP LU47 1111 0414 8162 0000 vun der Kierchefabrek Helperknapp maachen.

3. D’Kapell um Helperknapp ass de ganzen Dag (vun 9 bis 18 Auer) fir dat perséinlech Gebiet op.

Foto: Jim Wanderscheid
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement