Muttergotteswallfaart op Rentert

21. September 2019

D’17. Jorhonnert war ee Jorhonnert vu Pescht, Krich a Misär an eisem Land. Et war eng Zäit, wou d’Leit nët méi woussten, wat maachen. Ganz Dierfer sinn während der Zäit ausgestuerwen. An d’Leit hunn Trouscht a Kraaft am chrëschtleche Glaawen gesicht. Et war eng Zäit vu grousser Volleksfrömmegkeet. Sou war et d’Joer 1624, wou d’Gnodebild vun der Tréischterin am Leed an der Stad ernimmt gëtt, a wou dës, eis national Marienwallfaahrt, hir Urspreng fonnt huet. Et war fofzeng Joer drop, wéi déi Biisser 1639 um Wobierg eng Kapell zur Éier vum hellege Kräiz an der Schmäerzensmamm gebaut hunn a wéi de Wobierg zu enger wichteger Plaatz fir déi Biisser ginn ass. Et war zweeandrësseg Joer méi spéit, 1671, wéi och op Rentert eng Kapell gebaut gouf. Dësen Datum fënnt een op der Récksäit vun der heiteger Kapell.

Photo : Jim Wanderscheid

Obwuehl dës Kapell um Territoire vun der belscher Uertschaft Waltzing (Gemeng Arel) leit, an domatter um Territoire vun der Par Waltzing an zur Diözees Namur, huet si zur fréierer Par Äischen gehéiert. Dat kënnt dohier, datt fréier den Äischener Bann bis op den Areler Plateau gaangen ass. 1830 gouf d’Grenz zwëschen Lëtzebuerg an der Belsch festgeluecht, esou, datt d’Kapell haut 170 Meter vun der Grenz um belschen Territoire leit. Déi Äischener hunn hei, bei der Schmäerzensmamm, während Jorhonnerten Trouscht a Kraaft gesicht. De Paschtouer Michel Majerus (2003-2009) huet d’Pilgermassen all leschte Freideg am Mount (vun Abrëll bis Oktober) agefouert, déi och haut nach gefeiert ginn.

Sou Kapellen wéi d’Renterterkapell drécken nët nëmmen eng Volleksfrömmegkeet aus, mä och d’Vertrauen an de Glaawen an d’Veréierung vu Maria, als Mamm vun de Schmäerzen. Sou wëlle mer och dëst Joer den 21. September 2019, d’ganz Par, mat deenen Äischener op Rentert pilgeren, an d’Muttergottes froen, datt si och weiderhinn hire Schutzmantel iwwer Äischen an d’ganz Par ausbreede soll. Merci den „Oeuvres paroissiales“ vun Äsichen, déi sech och weiderhinn fir d’Erhalen an de Muttergotteskult op Rentert suergen.

Häerzlech Invitatioun un all Muttergottesveréirer vu no a wäit.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement