Rousekranzmount Oktober

Wa mir ronderëm eis kucken, sief et a Syrien, am Irak, am Gaza-Sträifen an op villen anere Plazen an der Welt, da stelle mir fest, datt mir ëmmer méi eng Welt von Onfridden an Zerstéierung ginn.

Zu Lourdes an zu Fatima huet d’Muttergottes gesot, mir sollen de Rousekranz bieden. Mir wëllen dësem Opruff nokommen, andeems mir am Rousekranzmount Oktober de Rousekranz nei kennenléieren.

An ville Kierchen a Kapelle vun eiser Par komme mir zum Rousekranzgebied zesummen. Den Detail fannt Dir am Parbréif.

Loosst eis zesumme bieden, eis ëmmer méi u Gott wenden. Hie mécht eis Gemeinschaften lieweg, hien erhéiert eis Gebied, hie suergt dofir, datt dat Feier, wat eis liewen deet, ronderëm sech gräift, an datt eis Welt besser gëtt.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement