Paroisses
 

Timberenaktioun

Mir sammelen Timberen fir d’Missiounen.

Schmäisst keng Timberen ewech

Wëll: Fir d’Entwécklungshëllef mussen et net ëmmer Sue sinn. Déi gestempelt Timberen op Äre Bréiwer si fir d’Missiounsaarbecht Mënz. Jiddwer Timber, och de ganz banalen Timber, ass wäertvoll an hëlleft Projeten an Afrika ze ënnerstëtzen.

Gesammelt ginn: Timberen, ganz Enveloppen an och Timbersalbumer.

Ganz einfach: D’Timbere mat ongeféier 2 cm Rand erausrappen, dobäi d’Timberen net beschiedegen an och net extra lassmaachen. Schéi Stempele solle mat eraus geschnidde ginn.

Dir kennt Är Timberen an Enveloppen an d’Këschten schmäissen, déi hannen an de Kierche stinn.

D’Kannermissiounswierk sortéiert déi gesammelt Timberen, déi un d’Timbershändler verkaaft ginn. Den Erléis ass fir déi aktuell Projete vum Kannermissiounswierk.

Merci-Bréif vum MISSIO-Kannermissiounswierk

Op mywort.lu fannt Dir Artikelen zu eise leschten Iwwerreechungen vun den Timberen un d’Madame Majerus vum Kannermissiounswierk.
- am Joer 2015 http://www.mywort.lu/septfontaines/...
- am Joer 2016 http://www.mywort.lu/saeul/51964664.html
- am Joer 2017 https://www.wort.lu/mywort/boewinge...

Timbereniwwerreechung un d’Madame Mariette Levaye op Christi Himmelfaahrt 2014
Iwwerreeche vun den Timberen op Kannermissiounssonndeg 2012
 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu