Mini-Treff

fir Kanner vun 0 bis 5 Joer

Dir gifft Iech freeën, wann Ärt Kand:

  • Kanner aus sengem Alter kenneléiert?
  • mat Kanner spillt, séngt a bastelt?
  • éischt spannend Geschichten aus der Bibel mat alle Sënner erlieft?

Dir gifft Iech freeën iwwert Gespréicher an Austausch mat anere jonken Elteren, souwuel iwwert reliéis wéi iwwert gesellschaftlech Themen a Froen?

De Mini–Treff bitt eng Gemeinschaft an der Kierch, déi Elteren mat hiere Kanner ophëlt. Hei gi chrëschtlech Werter wéi Solidaritéit, Vertrauen, géigesäiteg Ënnerstëtzung a Geschwësterlechkeet gelieft a gedeelt.

Infoflyer zum Mini-Treff

Wéini?

Samschdes, vun 9.30 –11.00 Auer

  • 12. Oktober 2019 (ausnahmsweis an der Kierch zu Tënten)
  • 9. November 2019 (ausnahmsweis an der Kierch zu Tënten)
  • 7. Dezember 2019 (zu Tënten am Veräinsbau)
  • 4. Januar 2020 (zu Tënten am Veräinsbau)
  • 1. Februar 2020 (zu Tënten am Veräinsbau)
  • 7. Mäerz 2020 (zu Tënten am Veräinsbau)
  • 4. Abrëll 2020 (zu Tënten am Veräinsbau)
  • 2. Mee 2020 (zu Tënten am Veräinsbau)
  • 6. Juni 2020 (zu Tënten am Veräinsbau)
  • 4. Juli 2020 (zu Tënten am Veräinsbau)
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement