1. hl. Kommioun

Zur 1. hl. Kommioun zougelooss ginn nëmmen déi Kanner, déi :

  1. dat 3. Joer hannerenaner am Reliounsunterrecht / Katechees sinn ;
  2. un der ganzer Virbereedung, déi d’Par virgesinn huet, deelhuelen ;
  3. reegelméisseg der Sonndesmass bäiwunnen.

Wéi gesäit d‘Virbereedung op d‘Kommioun aus ?

  • 5 Virbereedungsdeeg, d.h. 5 Samschdeger vun 9.00 bis 16.00 Auer (tëschent Oktober a Mäerz) ;
  • Participatioun um Bietdag Ufank Januar ;
  • eng Masserklärung am Januar ;
  • eng Beichtfeier Ufank Februar ;
  • Radiosmass am Mäerz ;
  • Prouwen virun der Kommioun ;
  • Danksagungsmass no der Kommioun.

D‘Kommioun ass virgesinn um Weekend vum 25./26. Abrëll 2020.

Leschten Délai fir d‘Umeldungen fir d‘Kommioun 2020 : 30. September 2019

Umeldungsziedel

Umeldungen fir d‘Kommioun 2021 : ab 1. Oktober 2019

Fir weider Informatiounen an Umeldungen :

Mme Huguette Muller-Kirsch
email : huguette.muller pt.lu
Tel : 621 180 206

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement