Paroisses
 

Katechees

Wat kënnt nom Reliounsunterrecht ?

Ab September 2017 bidde mir eng Katechese fir d’Kanner un, déi dräi Zieler huet :

  • de gelieftene Glawen an der Famill ;
  • de gelieftene Glawen an der Par (Sonndesmass) ;
  • d’Wëssens- an d’Glawensvermëttelung (Formation).

Wat ass d’Katechees ?

D’Katechees ass d’Aféierung an de chrëschtleche Glawe fir Grouss a Kleng, déi d’Pastoralequipe zesumme mat der Katecheesequipe vun der Par plangt an duerchféiert.

Umeldeziedel fir d’Katechees

Muss mäi Kand elo déi fräi Nomëtteger an de Reliounsunterrécht ?

Neen. Fir d’Familljen an der Woch net zevill belaaschten, hale mir d’Katechees fir d’Kanner um Weekend. Ab Hierscht 2017 bidde mir, jee no Nofro, d’Katechees op dräi Plazen un :

  • samschdes, 17.00-18.00 Auer, zu Biissen mat uschléissender Mass ëm 18:00 Auer ;
  • sonndes mois, 10.45-11.45 Auer, zu Bruch, no der Mass ëm 9.30 Auer
  • emol am Mount samschdes 9.30-16.00 Auer zu Clairefontaine.

Wéivill Zäit muss ech dofir aplangen ?

  • emol am Mount fir déi Kleng (bis 6 Joer) ;
  • all Woch fir d’Kanner aus de Cyclen 2.1/2.2/3.1
  • all 14 Deeg fir d’Kanner aus de Cyclen 3.2/4.1/4.2
  • emol am Mount fir déi Jonk (7e bis 5e/9e)
  • emol am Trimester fir déi Grouss (vu 4e/10e un)

Zur Kommioun

D’Kanner, déi 2017/2018 am Cycle 3.1 sinn, huelen nieft der Katechees och un engem extra Kommiounsunterrecht deel.
Umeldung bis 1. Juli 2017

D’Kanner, déi 2017/2018 am Cycle 2.2 sinn, huelen an de Schouljoren 2017/18 an 2018/19 un der Katechees ewéi och un engem extra Kommiounsunterrecht am Schouljoer 2018/19 deel.

D’Kanner, déi 2017/2018 am Cycle 2.1 sinn, huelen an de Schouljoren 2017/18, 2018/19 an 2019/2020 un der Katechees ewéi och un engem extra Kommiounsunterrecht am Schouljoer 2019/20 deel.

Begleetbréif zur Umeldung zur 1. hl. Kommioun
Lettre d’accompagnement à la fiche d’inscription
Umeldeziedel fir d’1. hl. Kommioun
Formulaire d’inscription

Zur Firmung

Zougelooss zur Firmung ass jiddwereen, dee virum 15. September 2000 gebuer ass.
Umeldung bis 1. Dezember 2017

Begleetbräif zur Umeldung
Umeldungsziedel
 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu