Paroisses
 

Finanzéierung

Wéi ginn eis Kierche finanzéiert?

Vill Leit mengen, datt d’Kierche räich snn. Mä esou einfach ass dat guer net. Am Contraire, déi eng oder aner Kierchefabréck ass vläicht räich, mä déi grouss Majoritéit vun de Kierchefabrécke muss kucken, datt se mat hire bescheidene Mëttelen iwwer d’Ronne kommen. D’Kierchefabrécke kennen och net op Ënnerstëtzung vum Bistum oder vum Staat zielen.

D’Kierchefabrécke kréien am Prinzip keng Subside vun de Gemengen, mä sollen alles dru setze fir sech selwer ze finanzéieren. Zu den Einnahme vun enger Kierchefabréck zielen:

  • d’Zënsen op de Spuerbicher;
  • d’Pacht op de Felder;
  • eng Intentioun pro Mass;
  • d’Subsiden;
  • d’Donen an
  • d’Afferen.

Aus dëser Opzielung geet kloer ervir, datt den Affer fir d’Kierchefabrécken immens wichteg ass. Den Affer ass net fir de Paschtouer säi Portemonni bestëmmt, mä de Bénéficiaire ass ëmmer um Parbréif annoncéiert oder gëtt während der Mass ugekënnegt:

  • vum Bistum virgeschriwwen Afferen (z.B. Bridderlech Deelen, Kannermissiounswierk, Leprahëllef),
  • fir pastoral Aufgabe vun der Par (d.h. Parbréif, Sekretariat, Kanner- a Jugendaarbecht etc.),
  • fir d’Kierchen, d.h. fir d’Kierchefabrécken.

D’Kierchefabréck muss d’Fonctionnements- an Investitiounskäschte vun de Kierchen iwwerhuelen, ënnert anerem:

  • alles wat fir eng Mass, eng Andacht, eng Vesper néideg ass (Hostien, Masswäin, Käerzen, Kierchewäsch, Massendéngerkleeder, Kielech, …);
  • d’Peien an d’Sozialbeiträg fir d’Personal (z.B. Botzfra);
  • d’Blummen a soss Dekoratioun;
  • den Entretien an d’Stëmme vun der Uergel;
  • den Entretien vun de Klacken;
  • d’Assurancë vun de Kierchemiwwelen an d’Haftpflicht.
    Donieft ass d’Kierchefabréck och fir den Entretien, d’Verschéinerung, Reparatiouns- a Restauratiounsaarbechten an der Kierch zoustänneg (z.B. Altär, Bänken, Schief, etc.).

D’Kierchefabrécke kennen net eleng maachen, wat se wëllen, mä ënnerleien enger duebeler Kontroll:
-  op der enger Säit setzt de Buergermeeschter automatesch als Member am Kierchefabréck, fir d’Finanzgeschäfter ze surveilléieren,
-  op der anerer Säit ginn d’Konte vum Bistum kontrolléiert ginn.

An eiser Par iwwerhuelen eis Gemengen d’Stroum- an Heizungskäschten. Dofir hinnen e grousse Merci.

Wéi kennt Dir eng Kierchefabréck finanziell ënnerstëtzen? Do ginn et e puer Méiglechkeeten:

  • Ariichte vun enger Stëftung;
  • Ären Affer an enger Mass;
  • den Don fir d’Kierchefabréck, z.B. wann e léiwe Familljemember stierft;
  • d’Ierfschaften.

Zu Ärer Informatioun fannt Dir an der Rubrik “Konten” d’Kontosnummere vun de Kierchefabrécken aus eisem Parverband. D’Kierchefabrécke soen Iech elo schonns merci fir all finanziell Ënnerstëtzung.

Quell: Carlo Mulbach, Parbréif fir de Parverband “St. Willibrord” Helpert, Nr. 4/11 - Jg. 7

 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu