Paroisses
 

Fir eng Kierch méi no bei Gott a méi no bei de Mënschen

Aus dem Parbréif No 2/17

Mir kennen alleguer de Sproch: „D’Zäiten ännere sech a mir änneren äis an hinnen.“ Et gouf eng Zäit, do war déi Plaz, wou d’Leit gelieft, geschafft, akaaft, wou se hier Fräizäit verbruecht, sech mat aneren zesummefonnt a Veräiner an hiere Glawe praktizéiert hunn, eng an déi selwecht. Dat ass haut net méi esou. Haut lieft een op enger Plaz, et schafft een op enger anerer, et ass een do an engem Veräin engagéiert wou een e Bezuch derzou huet, a wann een an d’Mass geet, dann ass dat net méi onbedéngt do, wou ee wunnt, mee do wou et een arrangéiert a wou ee sech wuelspiert.

Och d’Bevölkerung an den Dierfer a Stied huet changéiert. D’Zuel vun den Awunner ass an d’Luucht gaangen, et sinn och Leit bäikomm, déi aus engem anere Sprooch- oder Kulturkrees kommen an eventuell esouguer och eng aner Relioun hunn.

Jo, léif Matchrëschten, d’Bild vun der Par huet sech geännert. Et komme manner Leit an de Gottesdéngscht an den Duerchschnëttsalter vun deenen, déi un de kierchlechen Aktivitéiten deelhuelen, respektiv an de kierchleche Veräiner aktiv sinn, ass an d’Luucht gaang. An een Deel vun deene Leit, déi an de Gottesdéngscht kommen, versteet oder schwätzt keng vun eise gewinnte Gottesdéngschtsproochen.

Zënter laangem wunnt net méi an all Par e Paschtouer. Net méi an all Par kann ee Sonndesgottesdéngscht gefeiert ginn, net ze schwätzen vun Éischtkommioun, Firmung oder d’Feier vun de Kardeeg, dem Héichpunkt vum Kierchejoer. D’Strukture vun deenen 274 Paren, wéi se am Moment nach bestinn, an och hier territorial Delimitatioun entspriechen also net méi onbedéngt der reeller Situatioun.

Well d’Par ass eng selbstänneg Gemeinschaft vu Gleewegen, déi hiere Glawen reegelméisseg mateneen deelen am Gebied an an der Feier vun de Sakramenter, virun allem an der Feier vun der Eucharistie an am Austausch iwwert d’Helleg Schrëft. Net ze vergiessen d’Suerg ëm déi Aarm an déi Benodeelegt an d’Beméien, dass de Glawen un déi komment Generatiounen weidergereecht gëtt.

An de Begeebenheete vun haut ass dat am Kader vun deenen 274 Paren, déi elo bestinn, net méi méiglech. A virun allem ginn déi aktiv Kräften, déi an de Paren nach ze fanne sinn, iwwerfuerdert, well se an alle Beräicher gefrot ginn aktiv ze sinn an dat féiert iwwer kuerz oder laang zu Middegkeet a Resignatioun.

Eng Ännerung ass also noutwendeg ginn. Am Laf vum Joer soll d’Zuel vun de 274 Paren op 32 Pare reduzéiert ginn. Fir äis bedeit dat konkret, dass den aktuelle Parverband Helpert (mat de Pare Béiwen/Atert, Bëschdref, Biissen, Bruch (Miersch), Gräisch, Sëll, Simmer an Téinten, mat all hiere Filialen, souwéi d’Filial Rued (Par Nouspelt) a Märjendallerhaff (Par Keespelt), souwéi d’Paren Äischen an Habscht aus dem Parverband Äischdall zu enger neier Par fusionnéieren. A well déi nei Par mat de Gemengegrenzen iwwereneestëmme soll, huet den Här Äerzbëschof d’Decisioun geholl, dass eis nei Par aus de neie Gemengen Biissen, Habscht, Helperknapp a Sëll bestoë soll. Déi nei Par, déi den Numm „Äischdall-Helpert“ dréit, gëtt ënnert de Schutz vum hellege Willibrord gestallt, dee jo um Helperknapp gewierkt soll hunn.

Durech déi nei Par gëtt um administrative Plang natierlech Munches méi einfach. Sou wäerten eis verschidde Parregësteren zougemaach ginn, an nei Regësteren fir déi ganz Par wäerte gefouert ginn. Och d’Verännerung am Beräich vun der Verwaltung vun de Gidder vun däer neier Par, wou Villes nach net gewousst ass, soll erméiglechen, dat, wat d’Leit an a fir déi eenzel Kierchegemeinschaften ginn hunn, besser a fruchtbar ze verwalten, fir d’Onkäschten, déi op äis zoukommen, besser kënnen ze bestreiden.

Um pastorale Plang soll eis Par an dräi „Secteuren“ agedeelt ginn, an deenen jeeweils ee „Filialrot“, eng sougenannte „Equipe locale“ op d’Been gestallt soll ginn. Dëse Filialrot soll sech ëm dat kierchlecht Liewen op der Plaz beméien. Dës dräi „Secteuren“ sinn: d’Gemeng Biissen, d’Gemengen Helperknapp a Sëll, souwéi déi nei Gemeng Habscht. Vertrieder aus dësen Equipen treffen sech am neie Parrot fir ze plangen an zesummen ze iwwerleeën, wéi mer d’Zukunft vun däer neier Par zesumme gestalten an den Herausfuerderungen kënne gerecht ginn.

Eng grouss Herausfuerderung un äis all um pastorale Plang wäert déi ausserschoulesch Katechees sinn, déi mer bis den Hierscht mussen op d’Bee gestallt hunn. Um Programm vun der Grondschoul gëtt de Reliounsunterrecht ab dem kommenden September duerch een anert Fach ersat. Dat ass am postprimären Unterrecht elo schon de Fall. Esou ginn natierlech eng ganz Rëtsch Bénévole gebraucht, fir dës „Catéchèse en paroisse“ ze assuréieren.

Do dernieft soll am Beräich vun der Trauerbegleedung an den Trauerfeierlechkeeten eng „Equipe des funéraiilles“ agesat ginn. Duerch déi soll däitlech ginn, dass de leschten Abschied vun engem Mënsch eng Ugeleeënheet vun der Gemeinschaft ass a net nëmmen d’Saach vum Paschtouer an der Familljen. Och do gi nach aner Leit gebraucht.

Déi domatt verbonnen Ëmstrukturéierungen/Neierunge si geduecht, fir dass d’Kierch méi no bei de Mënschen ass an hiere Realitéiten méi gerecht ka ginn an och méi no bei Gott, deen äis erausgeschéckt als Missionarinnen a Missionaren vu senger Barmhäerzegkeet a fir säi Räich vu Gerechtegkeet a Fridden opzebauen. Duerch déi nei Pare kann et zu enger Zesummeféierung vun den aktive Kräfte kommen, déi da mat méi Elan a Méi Efficacitéit kënnen hieren Déngscht maachen. Esou gëtt de kierchleche Raum erëm eng Plaz, wou echt Gemeinschaft erlieft gëtt, déi dréit an déi zukuntsweisend ass.

Et ass natierlech kloer, dass esou Verännerungen och wéi dinn, well mer mussen léieren ëmzedenken. Esou sinn dann zum Beispill an der eenzelner Uertschaft d’Kierchen net méi Parkierchen. Mä just eng Kierch an däer neier Par, déi zentral geleeë wäer (wat logesch schéngt) ass d’Parkierch. Natierlech ginn an deenen anere Kierchen, wéi bis elo, Gottesdéngschter ugebueden an d’Leit vum Duerf sinn invitéiert, selwer Initiativen ze ergräifen an zum Gebied an der Kierch ze invitéieren, mam Virdeel, dass de Krees vun deenen, déi se invitéiere kënnen, méi grouss gëtt.

An däer neier Par kënne vill Massen zu verschiddenen Zäiten an a verschiddene Sproochen ugebuede ginn, wou gezilt och Gruppe kënnen ugeschwat ginn (Kanner, Jugendlech, Familljen, krank an eeler Leit etc.).

Et ka sinn, dass deen een oder anere seet: „Bis elo ass et jo awer gaangen, fir wat kann dat da net esou weider goën?“ Mä si mer éierlech: Et ass scho laang net méi gutt gaangen. Et gëtt scho laang vill geklot an all méiglech Richtungen. An dat verbreet eng negativ Stëmmung, déi mat missionareschem Elan a Freed um Glawen an um Evangelium näischt méi ze dinn huet. Wa mer zesumme réckelen an äis froën: Wat ass äis am Glawe wichteg, a wéi kënne mer de Glawen weider vermëttelen, da sinn ech iwwerzeegt, da fanne mer zesumme Mëttelen a Weeër fir erëm eng nei Dynamik an eist Kierchsinn eran ze bréngen.

Duerfir ass a bleift et och wichteg, das mer fest a Christus verwuerzelt sinn. Esou wéi ee Bam gutt Friichten dréit, wann e fest am Buedem verankert ass a seng Wuerzelen ëmmer erëm nom Waasser ausstreckt, esou brénge mer als nei Pargemeinschaft, eng Gemeinschaft vu jonken a manner jonken, vu gesonden a kranken, vu Lëtzebuerger an Nët-Lëtzebuerger, eng Gemeinschaft, wou ganz verschidden Talenter a Charismen ze fanne sinn op deene verschiddene Plazen et fäerdeg, positiv Friichten an eiser Gesellschaft ze droën, wa mer fest am Evangelium, wa mer fest a Christus verankert sinn.

Wéi de Bistum matgedeelt huet, wäert den Här Äerzbëschof an der Ufanksandacht vun der Oktav, de 6. Mee 2017, an der Kathedral, eiser Bëschofskierch, d’Dekreeter zur Ofschafung vun deenen ale Paren an d’Dekreeter zur Schafung vun deenen neie Paren offiziell ënnerschreiwen. An der Nuecht vum 6. op de 7. Mee 2017 wäerten eis zéng Paren Äischen, Béiwen/Atert, Bëschdref, Biissen, Brouch (Miersch), Gräisch, Habscht, Sëll, Simmer an Téinten mat hiere Filialen ophalen ze existéieren, a vum 7. Mee 2017 wäert dann déi nei Par St. Willibrord Äischdall-Helpert ufänken. An den Oktavmassen kritt all Pastoralteam dann de Schafungsdekret vum Här Äerzbëschof iwwerreecht. Obwuehl mer dann eng nei Par sinn, loosse mer d’Aarbechtsjoer auslafen, an am September wäerte mer dann eis Aarbecht als nei Par offiziell ufänken mat enger Feier de 17. September, nomëttes um 17 Auer an der Parkierch vun däer neier Par. Och wäert fir de 7. Mee 2017 een neit Pastoralteam ernannt ginn fir d’Leedung an d’Seelsuerg vun däer neier Par. Mä bis dohinn, dauert et nach gutt zwee Méint.

Et ass mir wichteg, dass net gesot gëtt: de Parverband Helpert schléckt Äischen an Habscht. NEE! ZESUMMEN fänke mir, deen ale Parverband Helpert an déi aktuell Paren Äischen an Habscht , eppes komplett NEIES un. An dat Wuert ZESUMMEN ass mir dobäi wierklech wichteg. Dass Äischen an Habscht mat dem Parverband Helpert eng nei Par bilden kënnt dohier, dass d’Gemengen Habscht a Simmer zu enger neier Gemeng fusionnéieren, an dass déi nei Pargrenzen mat de Gemengegrenzen iwwereneestëmme sollen. Duerfir sinn et nëmmen zwou Méiglegkeete ginn: an nodeems vill Leit gelauschtert goufen, huet den Här Äerzbëschof d’Decisioun geholl.

Mat dem Ophalen vun deenen ale Paren wäerten och eis Dekanater ophalen. Eis dräi Dekanater Dikrech, Miersch an Osper aus der Pastoralregioun Zentrum wäerten fusionnéieren zu engem neien Dekanat „Zentrum“. Och dat Käercher Dekanat wäert mam Escher Dekanat fusionnéierne zu engem neien Dekanat „Süd-West“. Sou, dass mer net méi, wéi bis elo, Pastoralregiounen, Dekanater, Parverbänn a Paren hunn, mä ganz einfach, sou wéi dat virgesinn ass, Dekanater a Paren. D’Dekanat Zentrum wäert dann aus 7 Pare bestoën, an zwar: Äischdall-Helpert, Dikrech, Ettelbréck, Mëllerdall (fréiere Parverband Fiels), Miersch, Osper a Rammerech.

Léif Matchrëschten! Eppes Neies geet un, eppes, wat herno als wichtege Moment an der Geschicht vun der Kierch vu Lëtzebuerg agoë wäert. Mir hunn d’Chance, dat Neit däerfen ze gestalten. An ech géif duerfir ee waarmen Appell un Iech all maachen: Hëlleft äis, dass mir et fäerdeg bréngen, eng Par opzeriichten, wou vill Mënschen sech doheem spieren, wou se gebraucht ginn, wou mer zesummen op der Sich nom Glawe sinn, wou mer zesummen de Glawen verdéiwen, a wou mer zesummen an der Nofolleg vu Christus stinn, Gott zur Éier, an dat am Déngscht vun all eise Matmënschen!

Ech wënschen Iech eng ganz besonnesch geseente Faaschtenzäit, eng gutt Virbereedung op Ouschteren zou an ech wënschen däer neier Par: ee gutt Geléngen!

Abbé Joël Santer

 
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu