Paroisses
 

Quo vadis Pastoralrot & Filialrot?

Firwat sech engagéieren?

Déi Nei Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord erstreckt sech vun Arel bis op de Rouscht, een Territoire, dee relativ grouss ass. D’Bild vu Kierch ännert sech an de kommende Joren: vun engem Déngschtleeschtungsservice musse mer fortkommen fir zu enger missionarescher Kierch ze ginn, no bei de Männer a Fraën aus eiser Zäit an am Déngscht vun alle Mënschen.

Un der Spëtzt vun der Par steet ee Pastoralteam, ënnert der Leedung vum „curé-modérateur“. Mä och dëst Pastoralteam kann a soll net alles maachen. Dëst Pastoralteam brauch d’Mataarbecht an d’Ënnerstëtzung vu ville Chrëschten, déi gewëllt sinn, dat kierchlecht Liewen an eisen Dierfer matzegestalten a virunzedreiwen. Et läit op der Hand, dass do, wou Leit sech engagéieren, d’Liewen éischter pulséiert wéi Uertschaften, wou kee méi do ass. Duerfir ass et wichteg, dass net méi iwwerall alles ugebuede gëtt, mä dass Akzenter gesat ginn. Andeems mer eis Synergien zesummeleeën a bündelen, kann d’Qualitéit eropgeschrauft ginn. Natierlech musse mer och éierlech sinn, an do, wou näischt méi leeft, och munches kënnen erofschrauwen. Et ass wéi an der Welt dobaussen: do wou eng Demande do ass, muss och eng Offer ugebuede ginn. Do wou keng Demande méi ass, muss och d’Offer erofgeschrauwt ginn. Well och an der Bibel steet geschriwwen:

„Wenn ihr in eine Stadt oder in ein Dorf kommt, erkundigt euch, wer es wert ist, euch aufzunehmen; bei ihm bleibt, bis ihr den Ort wieder verlasst. Wenn ihr in ein Haus kommt, dann wünscht ihm Frieden. Wenn das Haus es wert ist, soll der Friede, den ihr ihm wünscht, bei ihm einkehren. Ist das Haus es aber nicht wert, dann soll der Friede zu euch zurückkehren. Wenn man euch aber in einem Haus oder in einer Stadt nicht aufnimmt und eure Worte nicht hören will, dann geht weg und schüttelt den Staub von euren Füßen. Amen, das sage ich euch: Dem Gebiet von Sodom und Gomorra wird es am Tag des Gerichts nicht so schlimm ergehen wie dieser Stadt.“ (Mt 10, 11-15).

Fir d’Besoïnen, d’Wënsch an d’Pastoral vun eiser neier Par erauszefannen, huet eis Par ee Pastoralrot. De Pastoralrot setzt sech zesummen aus dem Pastoralteam an all deenen, deenen et wichteg ass, dass Kierch a Glawen an eisen Dierfer lieft. Zesummen iwwerleeë mer, wou d’Besoïnen sinn a wat méiglech ass. Zesummen gestalte mer d’Géigenwaart an d’Zukunft. Duerfir ass et wichteg, dass och an Zukunft sech Leit afannen, fir an dësem Rot mam Pastoralteam d’Weichen ze setzen, fir dat zukünftegt Liewen an eiser neier Par.

Well eis Par awer (nach) ze grouss ass, ënnerdeele mer se an dräi Secteuren. De Secteur Biissen (Gemeng Biissen), de Secteur Helperknapp-Sëll (fusionnéiert Gemeng Helperknapp (jetzteg Gemengen Béiwen/Atert a Téinten) a Sëll) an de Secteur Habscht (Gemeng Habscht (jetzteg Gemengen Habscht a Simmer)). Dës dräi Secteuren fonktionnéieren als dräi Gemeinschaften innerhalb vun der Par. Dat heescht konkreet, dat kierchlecht Liewen soll an dësen dräi Secteuren organiséiert bleiwen, wat awer net heescht, dass een och an engem anere Secteur net wëllkomm wier. Katechees, d’Sakramenter, Gottesdéngschter, Formatioun a villes méi soll am Secteur organiséiert sinn. All Secteur kritt och säi Filialrot, deen natierlech dem Pastoralrot ënnerguerdnet ass. Dëse Filialrot soll awer fir säi Secteur zoustänneg sinn, a mam Pastoralteam fir de Secteur dat kierchlecht Liewen oprechterhalen a verdéiwen.

All Filialrot schafft natierlech selbstänneg, awer an der Linn vum Pastoralrot. Fir dass dat kierchlecht Liewen sech entfale kann, brauche mer natierlech Mënschen, déi gudde Wëllens sinn a konstruktiv an der Kierch matschaffen, fir dass Kierch a Glawen de Mënschen vun haut méi no kënne sinn an op d’Froën vun de Mënschen och eng Äntwert ubidde kënnen.

 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert