Daf

D’Dafe kënnen am Parsekretariat ugemellt ginn. Da kritt Dir déi néideg Dokumentatioun heemgeschéckt.

D’Virbereedung vun den Daffeiere geschitt zesumme mat allen intresséierten Elteren. Dofir ass an der Reegel all éischte Méindeg am Mount eng Dafvirbereedung am “Salon bleu” (Sall iwwert der Sakristei) vun der Bricher Parkierch. De Paschtouer erklärt d’Wichtegkeet vum Sakrament vun der Daf a preparéieren mat Iech d’Daffeier.

Et ass och eréischt an dëser Versammlung, wou den Datum vun der Daffeier mat de Geeschtleche festgeluecht gëtt. Fir d’Preparatiounsversammlung soll ee sech am viraus telefonesch am Parsekretariatumëllen.Déi nächst Dafverbereedunge stinn am Parbréif.

Während enger flotter Feier gëtt Äert Kand dann an d’Gemeinschaft vun der Kierch opgeholl a gëtt esou zum Kand vun eiser Härgott.

Wichteg: No den Normen vun der kathoulescher Kierch muss eng Persoun, fir Pätter oder Giedel ze sinn, op mannst 16 Joer hunn, kathoulesch sinn an déi dräi Initiatiounssakramenter (Daf, Kommunioun, Firmung) empfaangen hunn. Dofir solle Pätter a Giedel ee Firmschäin bäi der Umeldung matbréngen (de Firmschäin kritt een an der Par vum deemolege Wunnsëtz).

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement