Séileg Yolanda vu Veianen

Priorin vum Klouschter Märjendall (+1283)

Vun der Yolanda vu Veianen ass historesch net all ze vill bekannt : Si gëtt gebuer am Joer 1231 als eng vun deenen zwou Duechtere vum Grof Heinrich I vu Veianen a senger Fra, der Gräfin Margarethe de Courtenay. No ville Streidere mat hiren Elteren kritt d’Yolanda d’Erlaabnes, an d’Klouschter ze goen, an 1248 gëtt si an d’Dominikanerinneklouschter Märjendall am Äischdall opgeholl.

1258 gëtt si zur Priorin gewielt a bréngt vun do un d’Klouschter zur Bléi : si erweidert d’Gebaier, léisst eng Bibliothéik ariichten a sammelt Reliquie vu groussem Wäert. Si stierft de 17. Dezember 1283 a gëtt an der Klouschterkierch vum Märjendall begruewen. Wéi 1783 Märjendaller Klouschter opgeléist gëtt, an d’Gebailechkeete verfalen, kënnt d’Hirschuel vun der Yolanda 1882 an de Besëtz vum Auguste Neyen. E Joer méi spéit ass si am Besëtz vun der Virginie Letellier, gebueren Neyen, a Fra vum Auguste Letellier, ee vun de Bauhäre vun der Aler Bréck an der Stad, a péider bei d’Franziskanerinnen an d’Stad. Am Februar 1932 ass si erëm am Märjendall, wou déi sougenannten Wäiss Pateren sech 1890 néiergelooss haten. Wéi déi 1974 d’Klouschter verloossen, gëtt d’Reliquie op Veianen bruecht. Do leit d’Hirschuel an der Trinitarierkierch, während de Rescht vun hire Reliquien als vermësst gëllt.

An der Diözes Lëtzebuerg gëtt d’Yolanda als Séileg veréiert an si gëtt um 17. Dezember gefeiert.

Den Dominikanerpater Hermann vu Veldenz erzielt ufanks vum 14. Jorhonnert am Codex Mariendalensis der Yolanda hiert Liewen. Wahrscheinlech huet hien d’Yolanda nach perséinlech kannt, an huet hir Geschicht, literaresch verschéinert, als « Vita Venerabilis Yolandae » opgeschriwwen.

A sengem Epos schreift de Brudder Hermann, datt d’Yolanda sech schonns als Kand vun 9 Joer fir e Liewe mat Gott decidéiert a vun do un alles probéiert, fir dat ze erreechen. Et geet hir nämlech net duer, fir zu Veianen op der Buerg hellegméisseg ze liewen, si wëll de radikale Wee goen an an e Klouschter antrieden.

Der Yolanda hir Elteren, d’Grofe vu Veianen, hu mir hirer Duechter allerdéngs eng aner wëlles : si soll, wéi et sech fir e Meedchen vun hirem Stand gehéiert, mat engem Adelege bestuet ginn, duerch deen d’Muecht vum Veiner Grofenhaus verstäerkt soll ginn. Auserwielt war de Walram vu Monschau.

D’Yolanda wiert sech energesch géint dëse Plang. Si wëll onbedéngt an d’Klouschter Märjendall antrieden, dat ufanks des Jorhonnerts vu Stroossbuerger Dominikanerinnen am Äischdall, ënner der Aansebuerg gegrënnt gouf.

Et war virun allem der Yolanda hier Mamm, d’Margarethe de Courtenay, d’Duechter vum Keeser vu Konstantinopel, déi net prett war, fir hir Duechter an esou en aarmt Klouschter goen ze loossen. Schliisslech war den Uerde vum hl. Dominikus en Heeschtuerden. Si setzt alles drun, fir d’Yolanda vun deem Wonsch ofzebréngen. Si versicht et am Gudden, si schléit d’Meedchen a späert et esouguer am Tuerm an. Um Heemwee vun engem Besuch bei der Gräfin Ermesinde vu Lëtzebuerg mécht d’Margarethe mat der Yolanda en Ëmwee iwwer de Märjendall, fir hir d’Aarmut vum Klouschter ze weisen.

D’Yolanda profitéiert vun der Geleeënheet, entwutscht hirer Mamm a verstoppt sech am Klouschter. D’Margarethe kritt hir Duechter nëmme mat Gewalt nees do eraus. Zu Veianen ginn d’Streidere weider, d’Mamm an d’Duechter ginn esouguer handgräiflech. Mä zu gudder Lescht kann d’Yolanda sech duerchsetzen.

Dem Hermann vu Veldenz säin Epos hält domat op, datt der Yolanda hir Elteren hir d’Erlaabnes ginn, fir an d’Märjendaller Klouschter ze goen.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement