Paroisses
 

Massendinger

Eis Massendénger sinn zesummegeschloss an engem Veräin mam Numm „Massendenger aus der Par Äischdall-Helpert asbl“ am Veräinsregester notéiert. Dëse Veräin besteet aus alle Massendénger aus deene Uertschaften, déi zur Par Äischdall-Helpert gehéieren.

Zil vun dësem Veräin ass natierlech, d’Verschéinerung vun de Gottesdéngschter an eise Kierchen a Kapellen. Eng liturgesch Formatioun gehéiert derbäi. Zil ass et awer och, d’Komerodschaft an d’Frendschaft ze koordinéieren. Och Fräizäitaktivitéiten stinn um Programm.

Duerch de Veräin ginn all dës Aktivitéiten koordinéiert, an d’Liewen vun eiser Par gëtt beräicheren. En ass och e Virbild am filialeniwwergräifenden Zesummeschaffen.

Schéi wier et, wann nach vill aner nei, kleng Memberen géife derbäikommen. Jiddferee, dee Freed um liturgeschen Déngscht huet, ass häerzlech wëllkomm.

Comité:

Präses: Abbé Joël Santer, Bruch
Presidentin: Patricia Zoller-Folschette, Schweebech
Sekretärin: Huguette Muller-Kirsch, Biissen
Keessjee: Véronique Feller, Äischen

Op mywort.lu fannt Dir een Artikel zur Opnam vun den neie Massendinger am Kader vun der Tarzisiusfeier.

 
Service Kommunikatioun a Press
Äerzbistum Lëtzebuerg

© Verschidde Rechter reservéiert
Dateschutz
5 avenue Marie-Thérèse
Gebei H, 1. Stack
L-2132 Lëtzebuerg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu