|
Kateches
|
Organisatioun Kateches 2020/21 / Organisation de la catéchèse 2020/21 |
Mär bidden Kateches an der Par fir Kanner (3-12) – Jugendlecher (ab 12) an Erwuessener un.
(Nous proposons la catéchèse en paroisse pour les enfants (3-12 ans) – pour les jeunes (à partir de 12 ans) et pour les adultes)
Där kënnt d’Aschreiwungsfiche ausfëllen “.docxs” an direkt un cate.aischdall cathol.lu schécken oder dësen “.pdf” erauszéien – ausfëllen – an en dem P. Nico Turmes no der Mass ofginn.
(Vous pouvez directement remplir le formulaire “.docxs” , et l’envoyer à cate.aischdall cathol.lu ou bien – imprimer le “.pdf” – remplir et le remettre au P. Nico Turmes lors d’une messe.)
Online Aschreiwung an d’Kateches.
Planning provisoire Catechèse
|
Wichteg Covid19 Regelen
Kateches a Covid-Zäit!
Dës Zäit ass och eng ganz schwiereg fir d’Kateches.
D’Präsenz-Katechesen waren vum Mäerz bis de Juli verbueden, si sinn duerch Mail-Kontakt “ersat” ginn.
Am September si mär voll duerch gestart – jiddereen war begeeschtert a frou endlech nees Kateches ze hunn. An dunn leider vun Mëtt November bis Ënn Dezember nees verbueden – an elo bis Ënn Januar ofgeroden.
Et gëtt awer och a Covid-Zäit Kateches! Wéi? – digital – also Kateches-Doheem. Dës Katechesen sinn an 2 Sproochen, lëtzebuergesch a franséisch. Si zielen als normal Kateches.
D’Kateches-Doheem ass a Form vun e-Bicher, an deenen e Bibeltext erzielt gëtt, dozou gëtt et eng Aktivitéit, déi entweder zesummen an der Famill oder eleng gemaach gëtt.
D’Resultat vun dëser gëtt per Mail op cate.aischdall cathol.lu ageschéckt.
Wann een aus der Par drun intresséiert ass oder wëll wëssen, wat an der Kateches-Doheem am Moment gemaach gëtt – da schreift eng Mail op cate.aischdall cathol.lu – där kritt gär de Link vum aktuellen e-Buch zou geschéckt.
Fir weider Renseignementer kuckt w.e.g. den aktuellen Parbréif oder d’Agenda.
Dir kennt Iech och un de Responsabel vun der Kateches an eiser Par wenden:
Christine Marcy
Catéchète titulaire
Coordinatrice de la catéchèse
Par Äischdall St François et Ste Claire
Iwwer Mail: cate.aischdall cathol.lu
oder online Ufro – Kontakt
Weider Informatiounen fannt dir och hei.