Quo vadis Pastoralrot & Filialrot?

Firwat sech engagéieren?

D’Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord erstreckt sech vun Arel bis op de Rouscht, een Territoire, dee relativ grouss ass. D’Bild vu Kierch ännert sech an de kommende Joren: vun engem Déngschtleeschtungsservice musse mer fortkommen fir zu enger missionarescher Kierch ze ginn, no bei de Männer a Fraën aus eiser Zäit an am Déngscht vun alle Mënschen.

Un der Spëtzt vun der Par steet ee Pastoralteam, ënnert der Leedung vum „curé-modérateur“. Mä och dëst Pastoralteam kann a soll net alles maachen. Dëst Pastoralteam brauch d’Mataarbecht an d’Ënnerstëtzung vu ville Chrëschten, déi gewëllt sinn, dat kierchlecht Liewen an eisen Dierfer matzegestalten a virunzedreiwen. Et läit op der Hand, dass do, wou Leit sech engagéieren, d’Liewen éischter pulséiert wéi Uertschaften, wou kee méi do ass. Duerfir ass et wichteg, dass net méi iwwerall alles ugebuede gëtt, mä dass Akzenter gesat ginn. Andeems mer eis Synergien zesummeleeën a bündelen, kann d’Qualitéit eropgeschrauft ginn. Natierlech musse mer och éierlech sinn, an do, wou näischt méi leeft, och munches kënnen erofschrauwen. Et ass wéi an der Welt dobaussen: do wou eng Demande do ass, muss och eng Offer ugebuede ginn. Do wou keng Demande méi ass, muss och d’Offer erofgeschrauwt ginn. Well och an der Bibel steet geschriwwen:

„Wenn ihr in eine Stadt oder in ein Dorf kommt, erkundigt euch, wer es wert ist, euch aufzunehmen; bei ihm bleibt, bis ihr den Ort wieder verlasst. Wenn ihr in ein Haus kommt, dann wünscht ihm Frieden. Wenn das Haus es wert ist, soll der Friede, den ihr ihm wünscht, bei ihm einkehren. Ist das Haus es aber nicht wert, dann soll der Friede zu euch zurückkehren. Wenn man euch aber in einem Haus oder in einer Stadt nicht aufnimmt und eure Worte nicht hören will, dann geht weg und schüttelt den Staub von euren Füßen. Amen, das sage ich euch: Dem Gebiet von Sodom und Gomorra wird es am Tag des Gerichts nicht so schlimm ergehen wie dieser Stadt.“ (Mt 10, 11-15).

De Pastoralrot ass dee Rot, deen d’Pastoralteam an der Pastoral (Seelsorge) beréit. Déi ass an dräi Beräicher opgedeelt:

  • Liturgie (wéini a wou gi Gottesdéngschter gefeiert, wéi gi se gefeiert, wéi kënne mir als Chrëschten eisen Deel dozou bäidroën, Relatioun mat de Choralen, Lektoren, Koschteren);
  • Diakonie (Krankepastoral, Flüchtlingspastoral, wéi kënne mir als Par all deene Mënschen bäistoen, déi Hëllef brauchen, wou gët Hëllef gebraucht?);
  • Verkënnengung (Katechees, Sakramentepastoral (Daf, Éischtkommioun, Firmung, Bestiednis, Krankesalbung…), Kommunikatioun (Parbréif, Homepage, sozial Medien…), wéi komme mer u Leit erun? Wat kënne mer maachen fir d’Weiderbildung vun eis Chrëschten?).

Eis Par ass grouss, an déi eenzel Gemengen hu wéineg mateneen ze dinn. Duerfir ass eis Par an dräi Secteuren agedeelt (déi jeweils een eegestännegt Liewen féiere sollen, wa méiglech), an och de Pastoralrot ass ënnerandeelt, fir d’Liewen an deenen eenzelnen Secteuren eegestänneg organiséiere a plangen ze kënnen. Daat sinn déi sougenannte Filialréit (lat.: „Filia“ = Tochter), Réit, déi dem Pastoralrot ënenrstallt sinn:

  • Filialrot Biissen: ass zoustänneg fir alles, waat vu kierchlechem Liewen zu Biissen stattfënnt.
  • Filialrot Habscht: ass zoustänneg fir alles, waat vu kierchlechem Liewen an der Gemeng Habscht stattfënnt.
  • Filialrot Helperknapp-Sëll: ass zoustänneg fir alles, waat vu kierchlechem iwen an de Gemengen Helperknapp a Sëll stattfënnt.

D’Filialréit si keng Mussesaach, si sinn vun äis agefouert ginn, fir méi no um Terrain ze sinn a fir dass d’Koordinatioun besser fonktionnéiert. Wann daat kierchlecht Liewen an Ären Dierfer Iech wichteg ass, a wann Dir mathëllefe wëllt, d’Kierch am Duerf ze loossen, sidd Dir ganz häerzlech invitéiert, an eise Gremien matzeschaffen. Wat méi, waat besser. Dëst Zesummeschaffen erméiglecht äis et, do wou eppes méiglech ass, d’Feier nei ze entfaachen, fir dass eise Glaawen och haut nach geliewt ka ginn.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement