Paroisses
Liens . Links
 

Aktuell - Actualités

MERCI un den Abbé Ricardo MONTEIRO fir säi virbildlichen Asaaz a säi grousst Engagement während der Phase vun der Trennung vu Kierch a Staat, dem Neiopbau vun de Kierchefabriken an den 8 Gemengen an eiser Par, an och fir seng sympathisch Art am Team a mat de Bénévolen ze schaffen. MERCI !

NEIT PASTORALTEAM ab September

Gérard KIEFFER, Koordinator
Abbé Félix STEICHEN, Pfarrer-Koordinator
Pater Mathieu JANSSEN M.O., Pfarrer
Abbé Vincent BILLOT, Subsidiar
Carlo PHILIPPE, Katechet
Michèle ASSERAY, Sekretärin
Carole WAMPACH-CESAR, Sekretärin

Eng nei Pastoralequipe an der Par Atertdall Sainte-Claire
Vum September un ginn et puer nei Gesiichter an der Pastoralequipe vun eiser Par.
Nodeems de Kaploun Ricardo Monteiro an de Süden op Esch/Uelzecht als Paschtouer genannt ginn ass, gët de Gérard Kieffer als Koordinator Responsabel vun eiser Par. Hien ass am Bistum zoustänneg fir d’Entwécklung vun de Paren an huet eis Par schon um Wee zu der Neier Par Atertdall begleed. Hien ass 54 Joer al, bestued an zwee Kanner a vu Formatioun Pädagog.
Am September kënnt och de Paschtouer Vincent Billot bei eis. Hien ass op Zäit zu Lëtzebuerg fir en Doktorat an der Theologie ze maachen. Hien ass 43 Joer al a kënnt aus der Diözes Toulon a Südfrankräich. Während sengem Doktorat ass hien bereet, Samschdes a Sonndes Massen bei eis ze halen.
Den Dechen Felix Steichen an de Pater Mathieu Janssen M.O. wärten och weiderhin regelméisseg Massen bei eis halen, de Pierre Habarurema ass disponibel fir Begriefnësser, de Carlo Philippe bleiwt zoustänneg fir d’Kateches an am Sekretariat sinn d’Michèle Asseray an d’Carole César.

SONNDIG, DEN 21. OKTOBER um 18.30 Auer zu Réiden : Owesmass mat Virstellen vun der neier Pastoraléquipe

Messe et présentation de la nouvelle équipe pastorale, DIMANCHE 21 OCTOBRE à 18.30h en l’église de Redange-Attert

 
Service Kommunikatioun a Press - Äerzbistum Lëtzebuerg - Dateschutz - Impressum - © Verschidde Rechter reservéiert