Liens . Links
 

Jugendpastoral
Pastorale des jeunes

Gedanken fir di Jonk

P.S. Di Aner däerfen awer och liesen an äentwerten.

Wéi d’helleg Klara 16 Joer kritt huet

D’helleg Klara ass Patréinesch vun eiser Par, an esou feiere mer si an erënneren eis un si an der Semaine Sainte Claire vum 2. bis den 9. Oktober 2021. Och fir déi Jonk ass en Owend virgesinn, an zwar Freides, den 8. Oktober. Do versammelen sech all déi, déi sech op Firmung virbereeden, awer och déi aner Jonk sinn häerzlech wëllkomm an der Kierch zu Wal um 19.30 Auer, fir eng Veillée iwwert d’helleg Klara an dat, wat si eis haut ka soen.

Wie war dat Klara dann?
D’Klara huet am Ufank vum 13. Joerhonnert gelieft zu Assisi, eng Stad an Italien. Deemools war et do änlech wéi haut zu Lëtzebuerg. D’Gesellschaft war opgedeelt a verschidden Gruppen, déi net vill mat enaner ze dinn haten.
Uewen an der Stad ronderëm d’Kathedral stoungen déi schéin Haiser vun deenen Nobelen, déi versicht hunn, déi politesch Muecht ze kréien oder ze erhalen. Zu hinnen huet d’Famill vum Klara gehéiert. Si sinn änlech wéi déi politesch Verantwortlech an d’Politiker haut bei eis.
Ennen an der Stad hunn sech d’Geschäftsleit opgehalen. Si hu versicht räich ze ginn. Verschidde Familljen ass dat och gutt gelongen. Et ass zu esou enger Famill, wou de Francesco gehéiert, de spéideren hellege Franziskus. Mir kënnen dëse Grupp mat de normalen Lëtzebuerger an de räichen Auslänner hei bei eis am Land vergläichen.
An da waren zu Assisi ganz ënnen, ausserhalb vun de Stadmaueren, déi Arem, déi sech keen Haus konnte leeschten, oder déi ausgestouss gi sinn wëll si d’Lepra haten. Mir kënnen si mat den arem Auslänner an de Flüchtlingen vergläichen, déi haut an eisem Land versichen hir Existenz nei opzebauen.
Déi dräi Gruppen hunn zu Assisi net vill matenaner verkéiert. Als jonk Meedchen vun enger nobeler Famill huet Klara déi meeschten Zäit doheem am Haus misste verbréngen. Eraus ass et just komm, fir Sonndeg an d’Mass ze goen, an d’Kathedral oder soss eng vun de ville Kierchen aus der Stad.
Et ass dem jonke Klara opgefall, dat si all zesummen den „Eise Papp am Himmel“ bieden, an esou behaapten, den Härgott wier de Papp vun hinnen all, mee och dat si ënnert enaner weider kee Kontakt haten. Sécher, no der Mass sinn déi Arem heesche komm. D’Klara huet hinnen och ëmmer eppes ginn. Mee et huet net normal fonnt, datt d’Mënschen esou a Kategorien opgedeelt géife ginn, wou si dach all Kanner vum Härgott sinn.
E Sonnden huet Klara de Franz an enger Kierch héiere priedegen. Et hat deemols 16 Joer a war déif beandrockt. D’Klara hat vum Franz héieren, awer et hat hien nach ni begéint. Dee räichen Franz hat d’Geschäft doheem verlooss, fir bei déi Aarm ze goen, ausserhalb vun de Maueren vun der Stad. Do ass zu groussem Kaméidi tëschen him a sengem Papp komm, deen näischt méi mat sengem Jong wollt ze dinn hunn, wann hien bei déi Aarm an Ausgestousse liewen géif goen. Letztendlech ass de Franziskus vun doheem fortgaangen, an huet sengem Papp alles gelooss, och seng Kleeder, déi hien op der Maartplaz ausgedoen huet a sengem Papp zeréck ginn huet. D’Leit waren schockéiert, awer de Bëschof huet de Franziskus a Schutz geholl, an him erlaabt bei déi Aarm ze goen. Eng Rei vum Franziskus senge Frënn si mat him gaangen, an si hunn a Gemeinschaft ausserhalb vun der Stad gelieft.
D’Klara huet verstanen, datt hat och esou e Wee misst goen. Et wollt onbedéngt de Franziskus begéinen, an esou huet et seng Mod ugestallt, e Rendezvous mat him auszemaachen, fir dat hat och kënnt esou liewen wéi de Franziskus.
Wéi seng Geschicht weider geet, wäerte mer an der Veillée zu Wal, e Freiden, den 8. Oktober héieren.

Bis dohinn, alles Guddes an der Schoul oder op der Aarbecht!

P. Jean-Jacques Flammang scj, curé-modérateur

Kuckt Iech de Programm vun der Semaine Sainte Claire un. Iwwerall si Dir wëllkomm, z.B. op der Konferenz iwwert d’Liewen an d’Wierken vun der hl. Klara, oder op dem Owend zu Groussbus, wou mer iwwert eis Gesellschaft haut hei zu Lëtzebuerg schwätzen, oder samschdes zu Ell fir déi grouss Versammlung, wou mer d’Zukunft plangen. Oder dann och Mëttwochs, den Dag vun der eucharistescher Anbetung, wou Dir iech eng Hallef Stonn kënnt huelen fir mat Jesus zesummen ze sinn…


Pour joindre l’équipe pastorale des jeunes de l’archidiocèse de Luxembourg:

https://www.facebook.com/Lux.Youth
https://www.instagram.com/Lux.Youth

Archevêché de Luxembourg
4, rue Génistre
L-2014 Luxembourg

luxyouth cathol.lu

PDF 296.3 kB, 15. September 2021
Programme Semaine Sainte Claire 2.10. - 9.10.2021
PDF 4.5 MB, 15. September 2021
Invitation Semaine Sainte Claire 2.10. - 9.10.2021
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement