Liens . Links
 

NEIIGKEETEN & NEWSLETTER

NEWSLETTER – ABONNEMENT

° D’Pastoraléquipe verschéckt regelméissig Neiegkeeten aus der Par per Mail un all Interesséiert Leit. Wann Dir iech wëllt abonnéieren, meld iech w.e.gl. am Parbüro mat engem Message per Mail un atertdall cathol.lu

° L’équipe pastorale envoie régulièrement des informations par voie de courriel avec des nouvelles concernant notre paroisse. Pour vous abonner, veuillez nous envoyer un message à atertdall cathol.lu


Advents- a Chrëschtzäit

Wann och am Dezember et net an der ganzer Welt kal a Wanter ass, da gëtt awer an der ganzer Welt den Advent a Chrëschtdag gefeiert, fir d’Kommen vu Gott op dës eis Äerd ze bedenken. Viru méi wéi 2000 Joer ass Jesus zu Betlehem an engem Stall gebuere ginn, eent eemolegt Ereegnis, dat zënterhier net méi vun der Mënschheet vergiess gëtt. Mat Jesus Christus huet den Härgott sech déif mat eis Mënschen verbonnen, Gott selwer ass Mënsch ginn.

Sécher fir d’éischt waren et nëmmen e puer Hierten an e puer gescheit Friemer déi am klengen Kand den Härgott erkannt hunn. Spéider sinn et dann d’Jüngerinnen an d’Jünger déi aneren matgedeelt hunn, op Chrisus an d’Evangelium opmierksam ze ginn.

« Gloria in excelsis Deo et in terra pax hominibus bonae voluntatis»

Wa mer den Härgott am Himmel luewen, wa mer dat gutt, schéint a richtegt Neit op eis Äerd era loossen, da kann ënnert eis Mënschen Fridden a Gerechtegkeet entstoen. An deem Sënn soll Chrëschtdag net einfach bei eis zum Ufank vum Wanter verkommen, mee weiderhin Gottes Léift a Fridden an eis Häerzer, an eis Familljen, an eis Welt leeën.

Fir jiddereen wënsche mer eng frou a geseent Chrëschtzäit an e glécklecht neit Joer 2023.

D’Equipe pastorale:

P. Jean-Jacques Flammang SCJ, curé-modérateur
P. Mathieu JANSSEN M.O., Curé
Abbé Vincent BILLOT, subsidiaire
Abbé Jacques BAGNOUD, subsidiaire
Mme Joke de KROON, coopératrice pastorale
Mme Michèle ASSERAY, secrétaire

Joyeux Noël et bonne année 2023!

Sur la terre il ne fait pas partout maintenant hivers, mais partout des êtres humains se rappellent Noël et fêtent la naissance de Dieu parmi nous en Jésus, l’enfant de Betlehem. Cet enfant, à la fois entièrement humain et entièrement divin, est à même de nous faire entrer dans la paix, la joie et l’amour, à condition que nous écoutions toutes celles et tous ceux avec lesquels Il s’identifie lorsqu’Il nous fait savoir: Tous ce que vous avez fait à un de ces petits, c’est à moi que vous l’avez fait. Belle fête de Noël et contribuons comme nous le pouvons à la paix entre tous, chez nous en famille et entre les puissances de ce monde.

 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement