|
Liens . Links
|
Pastoralrot - Conseil pastoralDe Pastoralrot vun der Par Atertdall Sainte-Claire (ab Juni 2021) An deene lëschten Wochen hate mer an der Par en Opruff gemaach, fir eise Pastoralrot nei ze konstituéieren esou dat all Gemeng dra vertrueden kënnt sinn. Dësen Opruff hat groussen Erfolleg, an ech soen alle Memberen vun Pastoralrot an Iech all e grousse Merci, datt Dir d’Uleies vum neie Paschtouer eescht geholl hutt, an dat mer elo am Pastoralrot all d’Gemengen an de Gros vun eisen Dierfer vertruede hunn. Zum neie Pastoralrot gehéieren d’Memberen vum alen, deen wéinst Corona nach fir e Joer verlängert ginn ass, an dann och déi nei Persounen, déi sech gemellt hunn fir matzemaachen. Nous avons constitué un nouveau Conseil pastoral de la Paroisse Atertdall Sainte-Claire. Mme Betty Heimermann-Wio en est la présidente : Mme Christine Lallemand reste la secrétaire. Je les remercie pour leur engagement ainsi que toutes les personnes qui ont bien voulu faire partie du Conseil Pastoral. Toutes les communes de la paroisse sont désormais représentées dans le conseil dont vous trouvez ci-joint la liste des membres. Präsidentin vum Pastoralrot: Mme Betty Heimermann-Wio Sekretärin vum Pastoralrot: Mme Christine Lallemand Vertrieder vum Pastoralteam am Pastoralrot: Memberen vum Pastoralrot de Gemengen no: Beckerich: De Curé-modérateur seet allen Memberen e ganz opriichtegen Merci fir hiert Engagement am Pastoralrot a wënscht eng gutt Zesummenaarbecht am Déngscht vun alle Leit aus der Par. |


