Invitatioun Semaine Sainte-Claire an der Par Atertdall Sainte-Claire

vum 2. bis den 9. Oktober 2021

Gebiet – Informatiounen zu Kierch a Gesellschaft – Austausch iwwert de Programm fir dat neit Pastoraljoer

Mëttwochs, de 6. Oktober an der Kierch zu Réiden: VENITE ADOREMUS
D’eucharistesch Anbetung hat am Liewe vun der helleger Klara eng wichteg Plaz. Dofir wëllen och mir an der “Semaine Sainte Claire” een Dag hunn vun Anbetung virum Allerhellegsten, ausgesat an enger Monstranz. An eisem Liewe gëtt et villes, wat eis beschäftegt a belaascht, awer och wat eis frou mecht. An der eucharistescher Anbetung duerfe mir mat all dem bei de Jesus kommen an einfach bei him sinn. A Freed, an Trauer, a Schmäerz, an Zweifel, an Ongewëssheet, a Krankheet, mat eise Stäerkten a mat eise Schwächten. Jesus wëll eis a senger onendlecher Léift begéinen. Dofir brauche mir näischt Extraes ze leeschten, mir duerfen einfach do sinn an Zäit mat him verbréngen. Mir lueden Iech an, Iech Zäit fir de Jesus, fir Iech selwer a fir anerer am Gebiet ze huelen.

  • 08h00 - 08h30: Laudes
  • 08h30 - 15h00: stëll Anbetung
  • 15h00 - 15h30: Eucharistesch Andacht (och als Livestream)
  • 15h30 - 17h00: stëll Anbetung
  • 17h00 - 17h30: Anbetung fir d’Kanner
  • 17h30 - 19h00: stëll Anbetung
  • 19h00 - 19h30: Vesper mat eucharisteschem Seegen

Fir d’Zäite vun der stëller Anbetung besteet de Wonsch, dat wärend der ganzer Zäit mindestens 1 Persoun an der Kierch virum Allerhellegsten ass. Fir dëst ze garantéieren, wiere mir frou, wann Dir Iech gieft umelden, fir 1⁄2 Stonn (oder méi) dës Plaz anzehuelen.

Umeldungen fir d’stëll Anbetung si méiglech all Nomëtteg ausser Méindes, tëscht 13h – 17h beim Josiane Linden um Telefon 691 22 06 66.
Natierlech dierf Dir och fir ee Gebiet an d’Kierch kommen, wann Dir net ugemellt sidd, oder Dir kënnt eis vun Doheem aus am Gebiet ënnerstëtzen.

„Lieben wir es, beim Herrn zu sein. Da können wir alles mit ihm bereden. Unsere Fragen, unsere Sorgen, unsere Ängste, unsere Freuden, unsere Dankbarkeit, unsere Enttäuschungen, unsere Bitten und Hoffnungen. Da können wir es ihm auch immer wieder sagen: Herr, sende Arbeiter in deine Ernte. Hilf mir, ein guter Arbeiter in deinem Weinberg zu sein“. Papst Benedikt XVI.
Invitatioun Semaine SAINTE CLAIRE - Paroisse Atertdall
 
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement