Paroisses
 

Gemeng Fréiseng

Sozialaktioun 2017/2018 Gemeng Fréiseng

Dëst Joër ënnerstëtzt d’Sozialéquipe vun der Equipe locale Fréiseng mat sénger Sozialak-tioun de „Cent Buttek“.

De „Cent Buttek“, eng sozial Ariichtung, déi vum Ministère de la Famille agréiert ass, besteet aus 3 Epicerien (Beetebuerg, Beggen a Péiteng). Vu méindes bis samschdes sam-melen déi benevol Mataarbechter a klengen an a grousse Geschäfter Liewensmëttel, déi nët méi verkaf kënne ginn (z.B. wéinst engem Verfallsdatum, dee geschwënn ofleeft) obwuel se nach an engem einwandfräien Zoustand sinn. Duerno ginn dës Liewensmëttel zortéiert an u bedürfteg Leit weidergereecht. Géint eng symbolesch Partizipatioun kënnen Eenzelper-sounen oder Familljen, déi eng valabel Kaart vum Office social aus hirer Gemeng hunn, am „Cent Buttek“ „akafen“. Fir de „Cent Buttek“ zu Beetebuerg sinn dat d‘Gemengen Beetebuerg, Diddeleng, Fréiseng, Hesper, Réiser, Käl a Rëmeleng. Zu Beggen kënne betraffe Leit aus de Gemengen Lëtzebuerg a Walfer vum „Cent Buttek“ profitéieren. Duerch d’Engagement vun de benevole Mataarbechter aus dem „Cent Buttek“ kréie nët nëmmen bedürfteg Famillje gehollef, mee gläichzäiteg gëtt verhënnert, dass Liewensmëttel, déi nach an der Rei sinn, zerstéiert ginn. Weider Informatiounen kri Dir op www.centbuttek.lu. Och ginn ëmmer nees nei Benevoler gesicht.

Wann Dir d’Sozialaktioun vun der Equipe locale Fréiseng mat engem Don wëllt ënner-stëtzen, kënn Dir dat maachen mat engem Virement op de Kont: CCPL LU37 1111 2334 4967 0000.

Villmools Merci am Viraus!

 
© Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg
verschidde Rechter reservéiert . certains droits réservés
4 rue Genistre, L-1623 Lëtzebuerg
Postkëscht 419, L-2014 Lëtzebuerg
+352 46 20 23
archeveche cathol.lu